Skip to main content
ArtikelenCOVID19Representéieren

Boosterimpfung

By December 22, 2021No Comments

Ee groussen Deel vun de Lëtzebuerger Student:inne goufen am Ausland geimpft. Fir d’Boosterimpfung zu Lëtzebuerg ze kréie ginn et zwou Méiglechkeeten (ouni Invitatioun), déi mer mat iech deele wëllen.Et geet duer an engem Pop-up Vaccinatiounszenter (um Site covid19.lu fann dir den Detail) mat senger Carte d’Identité oder CNS-Kaart an dem am Ausland ausgestallten Impfzertifikat virstelleg ze ginn.

Als Alternativ ass et och méiglech sech e Rendezvous an engem Cabinet médical ze huelen (d’Lëscht vun den Dokteren déi d’Impfung maache fënnt een op www.covid-19.lu ).Den eenzege Critère deen ze berécksiichtegen ass, ass dee vum Délai tëschent der leschter Impfung an der Booster-Impfung:

 

  • bei Studenten, déi mat BioNTech/Pfizer oder Moderna geimpft gi sinn, muss den Delai säit der leschter Impfung op mannst 5 Méint zeréck leien. Ab Januar gëtt dësen Delai op 4 Méint erofgesat.
  • bei Studenten, déi mat Vaxzevria (AstraZeneca) geimpft gi sinn, muss den Delai säit der leschter Impfung op mannst 4 Méint zeréck leien.
  • bei Studenten, déi mat Johnson & Johnson geimpft gi sinn, muss den Delai säit der leschter Impfung op mannst 1 Mount zeréck leien.

 

Bei weidere Froe kenn dir iech gäre bei eis mëllen.