Skip to main content
ArtikelenCOVID19Representéieren

3. Boosterimpfung bei Janssen (Johnson &Johnson)

By February 1, 2022No Comments

Vill Lëtzebuerger Student:inne hunn sech mam Vaccin Janssen (Johnson& Johnson) impfe gelooss (1 oder 2 Dosis).

Elo ass et sou dass een a verschiddenen däitsche Bundeslänner 3 mol muss geimpft sinn, fir vun der Testpflicht befreit ze ginn. Dës huet d’Student:inne viru verschidde Problemer gestallt.

Hei zu Lëtzebuerg ass et lo och méiglech eng 3 Dosis an dem Fall ze erhalen. Dës betrëfft all Persounen déi mam Janssen geimpft gi sinn an och eng 2 Dosis vum selwechte Vaccin oder engem anerem Impfstoff (Pfizer oder Moderna) kritt hunn.

Dir kënnt entweder eng Invitatioun iwwert de MyGuichet.lu un froen an ee Rendezvous an engem Impfzenter maachen. Zudeem besteet Méiglechkeet déi 3 Dosis an engem Impf-Pop-up oder bei engem Hausdokter ze kréien.

Déi 3 Dosis kann ee fréistens 3 Méint no der 2 Dosis kréien.

Weider Informatioune fënns de op dësem Site:
https://guichet.public.lu/fr/citoyens/sante-social/coronavirus/vaccination/demande-invitation-booster-janssen.html