Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

200€ Energieprimm an Däitschland

By March 7, 2023March 13th, 2023No Comments

Ab dem 15. Mäerz kann all Student:in deen um 1. Dezember 2022 an enger däitscher Héichschoul immatrikuléiert war a säi Wunnsëtz och an Däitschland huet eng Primm vun 200€ ufroen. Des ass vun der Däitscher Regierung decidéiert ginn fir déi geklommen Energiepräisser bäi de Student:innen ofzefiederen.

Disclaimer:

Mir hunn eis mam Thema ausernee gesat a mir hu probéiert am viraus esou gutt wéi méiglech all Informatiounen prett ze hunn. Vue dass et de 15te Mäerz awer réischt richteg lass geet, kenne mir haut nach net all Informatioun 100% garantéieren. Mir probéieren des Säit awer ëmmer aktuell ze halen.

Mir hunn eisen Atrikel den 13.03 em eng 3. Optioun erweidert!

Wat brauch ech fir d’Energieprimm kennen un ze froen?

Fir déi Primm kennen unzefroen, muss ee sech ee Bund-ID Account maachen fir kenne seng Identitéit a säin Usproch nozeweisen.

Als net däitschen Staatsbierger:innen gesi mir hei 3 Méiglechkeete wéi een dësen am beschte uleeë kann. 

Hei déi dräi Methoden:

1. ELSTER

Dese Wee ass warscheinlech ebesse Mei nerveg, et brauch een awer näicht ausser seng Steier Nummer an Däitschland. Des ass eng 11-stélleg Nummer an déi kritt een automatesch, wann ee sech an Däitschland op der Gemeng umellt. Des kann een awer och nei Ufroen, wann een dësen Ziedel net méi huet. Méi Informatiounen fënnt een hei: https://www.smartsteuer.de/online/steuerwissen/steuernummer/

Wann een des Nummer huet kann ee sech een ELSTER Account maachen. Elster ass eng Plattform fir eng Elektronesch Steiererklärung ze maachen. Mir hunn hei d’ Methode mat der Zertifikatsdatei probéiert.

Hei fënnt een ee ganz detailléierte Wee wéi een dësen Account uleeë kann.

Wann s du dann däin Elster Account hues kanns du op https://id.bund.de/de/eservice/konto/registration/1 däi BundID Account erstellen. Hei den detailléierte Wee:

2. Europäesch E-ID

Fir déi zweet Method brauch een eng E-ID. Opgepasst, net all Carte d’Identité ass mat esou engem Chip ausgestatt. Grad déi méi al (virun 2018) hunn dësen normalerweis nach net. Zousätzlech brauch een nach ee Reader fir d’ Kart aus liesen ze kennen. Falls ee keen Reader huet, kann een dëse fir 30€ bäi Guichet.lu kafen. Méi Informatiounen hei: https://ctie.gouvernement.lu/de/dossiers/eID/lecteur-carte.html

Wann een dat alles huet, kann ee sech esou een Account op https://id.bund.de/de/registration/eID maachen. Hei een detailléierte Wee fir déi Demarche:

3. PIN

Demarche gouf em eng wéider méiglechkeet erweidert an zwar kritt een elo nierft dem Code  fir d’Primm unzefroen nach ee weidere Pin geschéckt. Fir dese Wee kann een op https://id.bund.de/de/registration/eID einfach een Account uleen an deem iwwert d’ Optioun “Benutzername und Passwort”.

Des Methode gëtt net vun hinne recommandéiert, well de Bund-ID Konto a senger Berechtegungen relativ beschränkt ass. Fir d’Primm unzefroen ass et awer warscheinlech déi einfachst Methode.

Energieprimm Ufroen:

Wann s du endlech däi Bund-ID Account hues. Da kanns du endlech deng Prime op https://antrag.einmalzahlung200.de/ ufroen. Dat geet da follgendermoossen:

  1. Et kritt ee vun der Uni oder Héichschoul ee perséinleche Code(36-Stëlleg Nummer) geschéckt fir des Energie Primm kennen unzefroen.
  2. Da muss ee sech mat sengem BundID Account umellen, fir seng Identitéit no ze weisen.
    1. Et gëtt een och gefrot op een ee Pin geschéckt krut. Dëst ass just relevant, wann een iwwert déi 3 Methode fiert.
  3. Ass dat geschitt kann een en Online Formular ausfëllen, wou een dann och seng IBAN kann uginn.
  4. Ab elo sollt een eng Bestätegungs Mail kréien, an déi 200€ ginn iwwerwisen.

Sollt et bäi dëser relative komplizéierter Demarche zu Problemer kommen, dann zéck net dech bäi eis ze mellen. Mir hoffen, dass mir dann eng Léisung fannen.

ELSTER Account erstellen

Fir sech een Elster Account ze maachen kann et e puer Deeg daueren, well een verschidde Saache per Post zou geschéckt kritt.

Et geet ee Folgender moosse vir:

  1. Du gees op https://www.elster.de/eportal/start an klicks op Benutzerkonto erstellen.
  2. Da klicks du 2 mol op “Weiter” bis du Login-Optiounen kanns eraussichen. Mir hunn et bis elo just mat der 1ter Methode, der Zertifikatsdatei, getest.
  3. Am nächste Schrëtt wiels du aus, dass du d’Optioun “Für mich (und gemeinsam veranlagten Partner)” a klick op “Weiter”.
  4. Dono wiels du nees déi éischt Optioun “Mit steuerlicher Identifikationsnummer” an op “Nächste Seite”.
  5. Op der nächster Säit fëlls du dann de Formular mat dengen Informatiounen aus. Bäi der Identifikatiounsnummer ass, wéi schonns Uewe beschriwwen, deng 11-stelleg Steier Nummer gefrot déi s du ouni Espacen agëss.
  6. Bäi dem Benutzerkonto fëlls du deng zukünfteg Zougangsdaten aus, déi s du spéiderhi brauchs fir dech an ze loggen. Dono nach bestätegen, dass du déi néideg Zougangsdate kanns zougeschéckt kréien an da klicks du op “Weiter”.
  7. Am nächste Schrëtt misst du just op “Prüfen” klicken.
  8. An zu gudder lescht op “Absenden”.
  9. Elo misst du eng Email kritt hunn, wou s du da beim opmaache vum Link deng Email Adress bestätegs.
  10. Dorops hi kriss du dann eng “Aktivierungs-Id” an ee Link fir d’Registréierung ofzeschléisse per Email geschéckt. Déi brauchs du méi spéit nach.
  11. Dono heescht et 2-3 Deeg waarden, bis ee Post kritt. Do kritt een 2 Bréiwer geschéckt. Ee mat engem “Abruf Code”, an ee mat engem “Aktivierungs-Code”.
  12. Wann de Bréif ukomm ass klicks du op de Link aus der 2ter Email (Punkt 10.) fir deng Registréierung ofzeschléissen.
  13. Du kenns elo bäi ee Feld wou s du deng “Aktivierungs-ID” aus der Email (Punkt 10.) an däin “Aktivierungs-Code” aus dem Bréif (Punkt 11.) ausfëlls.
  14. Elo muss du dir ee Gutt Passwuert iwwerleeën. Wann däi Passwuert als séchert Passwuert ugeholl gëtt kanns du deng Zertifikatsdatei generéieren an erof lueden. Pass hei op wou s du des Ofspäichers, well des brauchs du ab elo all kéiers, wann s du dech bäi der Elster Plattform wëlls umellen (och fir d’Energieprimm).
  15. Wann dat gemaach ass, kanns du dech endlech bäi der Elster Plattform umellen. Dofir wiels du d’Zertifikatsdatei (Punkt 14.) aus a gëss dat Passwuert an, wat s du och dir beim erstelle vum Zertifikat ausgeduecht hues. Solls du däi Passwuert vergiess hunn, kanns du dir een neien Aktivieruns-Code ufroen. Dann muss du nees beim Punkt 11. ufänken.

Bund-ID Account erstellen:

Fir ee Bund ID- Account ze erstellen muss ee fir d’éischt op https://id.bund.de/de/registration/eID goen. Jee nodeem fir wéi eng Verifikatiounsmethode ee sech entscheet huet wielt een elo entweder “ELSTER-Zertifikat”  “EU Identität (nicht deutsch)” oder “Benutzername und Passwort” aus.

  1. ELSTER
    1. Hei muss du elo just nach deng Zertifikatsdatei auswielen an dech umellen.
    2. Dann muss du zoustëmmen, dass deng Donnéeë vun ELSTER dierfe mam d’BundID System gedeelt ginn.
    3. Dann muss du deng Email Adress a ginn. Dat Feld mat der De-Mail kann ignoréiert ginn.
    4. Elo muss du nëmmen nach däi Account erstellen (Usernumm, Sécherheetsfro, a Passwuert) an dat alles bestätegen.
  2. EU-Identität (nicht deutsch)
    1. Fir éischt kënnt een op bundesID Website, an do wielt een “EU-Identität (nicht deutsch)”.
    2. Dono geet do eng Säit mat all déi verschidden Länner, an dann klickt een op “Luxemburg”.
    3. Dann geet et op de Säit vu eidas.services-publics.lu weidergeleet, do een mat Hëllef vu der Carte d’identité authentifizéieren loossen muss.
      1. Hei muss ee Kaartlieser kafen, dat kritt een an der myguichet-Zentral oder op verschiddenen Gemengen hei am Land ze kafen.
      2. Dann muss een bei Luxtrust, den “Luxtrust Middleware” eroflueden, fir dat Gerät deng Kaart erkennt.
      3. Falls d’Kaart guer net geet, ass d’Kaart entweder ze aal oder d’Gemeng/Verwaltung huet bei der Beaarbechtung vergiess ze aktivéieren.
      4. Soss muss een eng nei Carte d’identité maachen loossen (14 €).
        1. Bei Erstellung vun der neier Kaart, kritt et och d’Bréif vu CTIE heemgescheckt, wou do den PIN/PUK dransteet, wann een den éischte Kéier aloggt.
        2. Dono ass d’Kaart aktivéiert (wann net, bei der Gemeng nofroen goen).
    4. Wann een erfollegräich sech mat der Identitéitskaart authentifizéiert huet, muss du d’Ermëttlung vun den Donnéen bestätegen an op “Absenden” klicken.
    5. Dono kënnt een op eng Säit, wou een seng perséinlech Donnéen ergänzen muss (däitsch oder lëtzebuergesch Adress?) (Numm, Gebuertsdatum, Gebuertsuert gouf automatesch generéiert).
    6. An muss een seng Telefonsnummer an d’Email aginn.
    7. Dono gëtt een Verifizéierungscode un är Email-Adress gescheckt an dann den Code (6-stelleg) aginn.
    8. Wann dat gemaach ass, muss de fir den BundesID, den Usernumm inkl. Passwuert an Sécherheetsfro erstellen.
    9. Dann huet een ee Kont bei der BundesID.
  3. Benutzername und Passwort
    1. Hei muss du just deng Donnéeën ausfëllen.
    2. Dat Feld mat der D-Mail kann hei ignoréiert ginn.
    3. Da muss ee just nach seng Email verifizéieren. An dem een op de Link klickt deen ee Per Email geschéckt kritt.
    4. Dann misst den Account och schonn erstallt sinn.