Skip to main content
ArtikelenPublikatiounenRepresentéieren

Froebou am Kader vun de Chamberwalen

By September 21, 2023No Comments

Als ACEL, de Studentevertrieder, gesi mir et als eis Aufgab zukünfteg an aktuell Student:innen ze informéieren. Mir hu festgestallt dass vill aktuell Problemer an Themen déi grad Student:inne betreffen an de verschiddene Walprogrammer fir d’Chamberwalen den 8. Oktober zu Lëtzebuerg oft zimmlech kuerz ausfalen.

Dofir hu mir eis an deem Zesummenhang dozou entschloss alle Parteien a Beweegungen zu Lëtzebuerg, déi fir d’Chamberwalen 2023 untrieden, ee Froebou mat insgesamt 42 Froen zoukommen ze loossen. Heibäi handelt et sech souwuel em Jo oder Nee Froe, wéi och em méi ëmfangräich Froe wou de Parteien a Beweegungen eng maximal Unzuel u Wieder virgi war. Dës Froen, ënnerdeelt an insgesamt 11 Themebléck, decken ee breede Spektrum un aktuellen Thematiken of mat deenen sech d’Student:innen an d’ACEL beschäftegen a sollen de Student:innen als Orientéierung fir d’Walen déngen.

Hei kënnt dir de ganze Froebou liesen: Froebou am Kader vun de  Chamber 2023