Skip to main content
Artikelen

Den 10. Anniversaire vun der gréisster Aarbechtsfoire fir Stagiairen a jonk Diploméierten zu Lëtzebuerg

By September 25, 2023No Comments

Den 10. Anniversaire vun der gréisster Aarbechtsfoire fir Stagiairen a jonk Diploméierten zu Lëtzebuerg

Unicareers – déi offiziell Rekrutéierungsfoire vun der Uni Lëtzebuerg a vum 1. Job Board zu Lëtzebuerg, Moovijob.com. Et ass „the place to be” fir all jonken den op der Sich no engem Job, Stage oder Alternance ass. Dëst 10. Editioun fënnt e Freideg, den 29. September 2023 an der Luxexpo The Box statt, den Treffpunkt fir dausende vu Jonker an 150 Lëtzebuergesch Firmen.

E Réckbléck op 10 erfollegräich Joeren

2012 huet de Romain Raux, Chef vum Karriär Center an den Eric Tschirhart, deemols Vize-Rektor vun der Uni Lëtzebuerg, d‘Moovijob.com Ekipp kontaktéiert fir hier offiziell Rekrutéierungsfoire ze revitaliséieren an esou eng nei Partnerschaft ze starten. Zwee Joer méi spéit, 2014, war et dann esou wäit an déi alleréischt Editioun vun der Unicareers Foire huet mat méi wéi 80 Firme an 2000 Visiteuren statt fonnt. Iwwer d’Joeren huet Unicarrers eng bemierkenswäert Evolutioun erlieft, 2022 war d’Aarbechtsfoire bei 170 Aussteller an 5.000 Visiteuren.

Wann déi néngten Editioun vun der Unicareers Foire esou en Erfolleg war, dann kann et dëst Joer nemmen nach Bieg op goen. 😊

Wat dech erwaart

D’Unicareers Foire ass fir all Student a jonk Diploméierten mat manner wéi 5 Joer Erfahrung. Et erlaabt Firmen, déi um Ufank vum Schouljoer rekrutéieren, fir een Dag motivéiert jonk Leit ze treffen. Fir d‘Visiteuren ass dëst eng Geleeënheet 150 Firmen perséinlech ze treffen, déi a verschidde Beräicher rekrutéieren, hei puer Beispiller:

Banken/ Assurancen, Commerce / Distributioun / Servicer, Berodung / Formatioun / Fonction Publique, Droit / Juridique, Informatik, Ingénierie / Bau / Transport, Fuerschung, Gesondheet / Medizin / Sozial, Finanzservicer / Audit / Comptabilitéit, Loft- a Raumfaart,

Doriwwer eraus kanns du u Konferenzen zu verschiddenen Themen deelhuelen!

Opgepasst: d’Umeldung ass gratis, ma obligatoresch !

Nëtzlech Informatiounen

Ouvertureszäiten:
Freides, 29. September 2023
vu 09h30 – 17h00

Obligatoresch Umeldung:
virum 28. September 2023 um 18h00
via www.unicareers.lu

Adress:
Luxexpo The Box
Rue Hugo Gernsback
L-1855 Luxembourg

Weider Infoen zu de Konferenzen a Firmen déi mat deelhuelen, fënns du hei iwwer Moovijob.com.