Skip to main content
ArtikelenRepresentéierenZesummebréngen

REEL 2023

By November 1, 2023December 3rd, 2023No Comments

Déi 38. Editioun vun der REEL (Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois) huet dëst Joer vum 21. bis de 24. September zu Innsbruck an Éisträich, an domat fir déi 3. Kéier hei, stattfonnt. Ronn 150 Student:innen sinn do wärend 4 Deeg zesummekomm fir un engem Kaderprogramm deelzehuelen, sech iwwer déi ënnerschiddlechst Thematiken déi si betreffen auszetauschen a fir sech kënne mat Lëtzebuerger Student:innen aus ganz Europa, mat Vetrieder:innen aus der Wirtschaft a politeschen Acteuren ze vernetzen. D’Theme vun dëser Editioun war „Interoperabilitéit – Europaiwwergräifend Kompatibilitéit“.

Den éischte Moie goufen d’Student:inne no enger Busfaart vu bal 11 Stonnen zu Innsbruck mat engem klenge Moiesiesse begréisst ier et da mam ofizielle Programm lassgaangen ass. Am „Parkhotel“ goufe vum ACEL-Comité 3 Workshops ugebueden zu den Themen „Teambuilding am Comité“, „Intercerclen“ an „Transnational Kooperatioun“. D’REELaner:innen haten am Viraus d’Méiglechkeet sech fir ee Workshop ze entscheeden a konnten sech do dann a méi klenge Gruppen zu dem jeeweilegen Thema austauschen. No deelweis ganz interessanten a konstruktiven Diskussioune sinn all d’REELaner:inne nach eng Kéier an enger gemeinsamer Plenière zesummekomm fir d’Konklusiounen aus de verschiddene Workshops virzestellen, soudatt dono jiddereen och eng Iddi vun den Diskussiounen aus deenen anere Workshops krut. No enger kuerzer Stäerkung beim Mëttesiessen am „Glorious Bastards“ an dem Check-In am Hotel stoung dann den traditionelle Partnerdag am „CCB Innsbruck“ um Programm. Lassgaangen ass et mat de d’Presentatioune vun de Partner:inne vun der REEL. Dono gouf et eng Foire, wou d’Student:innen mat de Partner:innen an d’Gespréich komme konnten. Hei ass dann och sécherlech schonn déi eng oder aner Stage- oder Aarbechtsplaz ugeschwat ginn. Fir dem ganzen ee méi lockeren a net ze dréchene Kader ze ginn, gouf et parallel heizou e Gliesche Wäin an e Walking Dinner. No der Foire huet den Dag säin Ofschloss mat der Soirée privée am „Jimmy’s“ fonnt.

Freides moies ass mat de kulturelle Visitte weidergaangen, wou d’REELaner:inne sech am Viraus entscheede konnten tëschent der „Silbermine Schwaz“, den „Zillertaler Bierwelten“, dem „Amraser Schlass“, de „Kristallwelten“ oder dem „Alpenzoo“. Fir d’Mëttesiessen hu sech d’REELaner:innen all am „Bierstindl“ erëmfonnt fir sech ze stäerken ier dann den traditionelle Rallye um Programm stoung. Hei konnten d’REELaner:inne a klenge Gruppen op engem Tour duerch Innsbruck an ophand vu klenge Spiller esouwuel d’Stad entdecke wéi och Student:innen aus anere Cerclë kenne léieren. Um Uschloss dozou gouf et dat gemeinsaamt Owesiessen am „FloJos“ ier den zweeten Dag säin Ofschloss op der Soirée publique an der „Mausefalle“ fonnt huet.

Samschdes stoung dann d’Journée politique an der „Villa Blanka“ um Programm, dofir hunn sech dann och all d’REELaner:inne extra chic gemaach fir dësen Dag. De politesche Volet vun der REEL gëtt vum REEL-Comité zesumme mat der ACEL organiséiert. Deen Dag gouf mat engem Monolog zum Thema vun der REEL lancéiert, geschwat huet de Prof. Dr. Armand HAUSMANN, Honorarkonsul vun Tirol a Vorarlberg. Hien huet ënnerstrach, dass d’Populiste global un Zousproch gewannen an dass een deem soll kritesch géigeniwwer stoen. Den zweete Monolog gouf gehale vum Marc ANGEL, Vizepresident vum Europaparlament. Hien huet der europäescher Unioun eng optimistesch Zukunft virausgesot, mee dass dës awer nei staark Impulser wéi de Schengenraum oder den Euro brauch. Wat d’Educatioun ugeet wier et schwéier, ausgoend vun den EU-Institutiounen, eppes an Europa ze beweegen, do kéint d’Parlament am Moment nëmme Propositiounen ausschwätzen. No engem Éierewäin an engem Mëttesiessen ass et weidergaange mat enger Table Ronde déi och ganz am Thema vun der REEL stoung. D’Invitéë waren de Claude MEISCH, Minister fir Héichschoul a Fuerschung, d‘Martine HANSEN, Deputéiert a Co-Fraktiounspresidentin vun der CSV, d‘Alexandra LINSTER, vun der Österreichische Universitätenkonferenz (UNIKO), an d‘Ann BERTEMES, Presidentin vun der ACEL. Si waren sech séier eens, dass eng komplett Harmoniséierung vun de Studiegäng an der EU net erstriewenswäert ass, well esou wäertvoll lokal Nuancë géife verluer goen. Et gouf awer festgestallt, dass et innerhalb vun der EU nach deelweis Hürde gi fir sech ob enger Universitéit unzemellen oder fir de Standuert ze wiesselen déi ee kéint vereinfache, wéi zum Beispill eng Iwwersetzung vun Diplomer. Fir de formellen Deel vum Dag ofzeschléissen huet sech de Xavier BETTEL, Premierminister vu Lëtzebuerg, nach kuerz mat e puer Wieder un d’REELaner:inne gewant. Hien huet a senger Ried ënnerstrach wéi wichteg et ass a vu Krise geploten Zäiten net ze vergiessen, dass villes vun dem wat eisen Alldag präägt net selbstverständlech ass an dass dofir an der Vergaangenheet vill huet misse gekämpft ginn. Dofir huet hien d’REELaner:innen encouragéiert dëst am Hannerkapp ze behalen, positiv an d’Zukunft ze kucken an hir Studienzäit ze genéissen. Um Enn vun dësem duerchaus interessanten an ofwiesslungsräichen Dag stoung dann nach e gemeinsaamt Owesiesse mat den Invitéen an duerno d’Soirée chique am „Bluechip“ um Programm.

Sonndes war dann och schonn erëm de leschten Dag vun der REEL. Nodeems et déi Deeg virdrun oft e bëssi méi spéit gi war, konnten d’REELaner:innen eng Kéier méi laang schlofen, ier dann nach zesumme gebruncht gouf. Am Uschloss dorunner ass et dann och fir déi meescht erëm an de Bus zeréck op Lëtzebuerg gaangen.

Dem REEL-Comité vun Innsbruck hei e grousse Merci fir d’Organisatioun vun dëser gelongener REEL, dës war definitiv e Succès, wou jiddereen op seng Käschte komm ass. D’ACEL freet sech schonn drop, wann am Dezember op hirer Assemblée Générale iwwer déi 39. Editioun diskutéiert gëtt.