Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

Regatta.lu 2024 mat der ACEL

By December 10, 2023No Comments

Seegelen an der Bretagne, vum 1.- 7. September 2024

Och 2024 ass d’ACEL nees offizielle Partner vu Regatta.lu, deem gréisste Lëtzebuerger Seegel-Event. Fir vill Studenten ass dat schonn eng Traditioun, fir anerer eng super Geleeënheet fir eng spannend Woch op enger Seegelyacht ze verbréngen.

Regatta.lu – Sport a Spaass

Regatta.lu ass eng Course fir Seegelbooter, bäi där een och ka matmaachen, wann ee wéineg oder guer keng Erfarung am Seegelen huet. All Equipage besteet aus 4 oder 5 Studenten, déi op enger 10-m-Yacht zesumme mat engem Skipper an engem Co-Skipper un der Course deelhuelen an esou op eng aktiv a spannend Manéier seegele léieren. 15 Booter si fir d’Studente reservéiert.

Den Event start méindes moies, den 2. September zu Port-Haliguen, dem Hafe vu Quiberon. Den Dag iwwer gëtt natierlech geseegelt, mat Initiatioun, Training a Competitioun. An owes ass ëmmer eng lass : dënschdes Welcome Party mat Barbecue an DJ am Hafen, mëttwochs ankere mir virun der Ile-d’Houat, donneschdes Escale op Belle-Île, a freides Ofschloss-Feier mat Präisverdeelung an engem typesch bretonesche Restaurant. Iwwernuecht gëtt op de Booter.

Wéi kënnt een an d’Bretagne?

D’Studente kënnen hir Rees selwer organiséieren, entweder mat Privat-Autoen oder mam TGV. Iwwert d’ACEL oder äre Studentecercle kënnt der och e Covoiturage organiséieren. Eis Booter leie vu Sonndes Nomëttes, dem 1. September un am Hafen, sou dass een ab 17h00 anchecken an déi éischt Nuecht u Bord verbrénge kann. Zeréck geet et da samschdes vun La-Trinité-sur-Mer aus.

D’Aschreiwunge sinn elo op!

D’Participatioun u Regatta.lu Sailing Students kascht 670 € pro Persoun. An deem Präis ass alles dran : d’Locatioun vun de Seegelyachten, d’Iesse vun der ganzer Woch , d’Hafegebühren asw. D’Organisatioun an den Encadrement gëtt komplett vu Benevolle gemaach.

D’Aschreiwunge lafen exklusiv iwwert de Site www.regatta.lu . Do fënnt een och vill weider Informatiounen iwwert den Event. D’Umeldunge kënnen individuell oder als kompletten Equipage vu 4 oder 5 Leit gemaach ginn. Et kënnen Equipage mat nëmme Studentinnen a Studente vun enger Uni oder aus enger Stad gebilt ginn, mee och gemëscht Equipage si kee Problem.

D’Zuel vun de Booter ass limitéiert, dofir sollt dir är Umeldung sou séier wéi méiglech maachen. Studenten, déi sech elo umellen a wéinst Exame wärend der Regatta-Woch erëm mussen ofsoen, ginn ouni Problem rembourséiert.

Méi Informatiounen?

Eng online Informatiounsversammlung fir all interesséiert Studenten ass den 19. Dezember 2023 um 21h00 iwwer Zoom. Dat ass d’Geleeënheet, fir alles iwwert Regatta.lu gewuer ze ginn, wat der nach net wësst, a vläicht och aner Studente virtuell ze treffen, fir zesummen en Equipage ze bilden. De Zoom-Link fir déi Versammlung fannt der um Site regatta.lu.

Dat wichtegst zu Regatta.lu – Sailing Students 2024

  • Wéini ? 1.-7. September 2024
  • Wou ? Bretagne – Baie de Quiberon
  • Wien ? Equipage mat 4 oder 5 Studenten + Skipper a Co-Skipper
  • Organisateuren : FLV, GLCR, SNJ
  • Informatiounen an Aschreiwung : www.regatta.lu