Skip to main content
De 25. Januar hate mir eng Entrevue mat der Dr. Stéphanie Obertin, nei Ministesch fir Héichschoul, Fuerschung an Digitalisatioun, an hire Beroder:innen am Héichschoulministère.
Ugeschwat gouf ënner anerem eng Adoptioun vun der Bourse, wéi se och am Koalitiounsvertrag vun der Regierung festgehal gouf. Hei krute mir versprach dass d’Bourse all Semester amplaz all Joer un den Index ugepasst gëtt, eng vun de Fuerderung déi d’ACEL d’lescht Joer un de Ministère formuléiert hat. Och aner Propose vun eis gi consideréiert a mir kruten zougeséchert weiderhi mat an d’Adaptatioun vun der Bourse agebonnen ze ginn a goufen och direkt scho fir eng nächst Entrevue zu dësem Thema nach virum Summer agelueden.
Den Héichschoulministère huet eis och Ënnerstëtzung ugebueden am Suivi a bei der Evaluatioun vum Stagegesetz, der Krankeversécherung vu Student:innen an der Schwäiz an der Situatioun vum Transport a vum Logement fir Student:innen.
Aner Themen déi ugeschwat goufe waren de Student fir 1 Dag, d’Studentefoire, eis Guiden, déi mir all Joer publizéieren an de 40. Anniversaire vun der ACEL dee mir de 26. Oktober mat enger Séance Académique feieren.Mir si frou, dass d’Zesummenaarbecht tëscht dem Ministère an der ACEL vu béide Säite positiv opgeholl gëtt a sinn zouversichtlech, dass mir och weiderhi gutt zesummeschaffe wäerten.
Foto © MESR