Skip to main content
Den 28. Mäerz hate mir eng Entrevue mat dem Georges Mischo, Minister fir Aarbecht a Sport, an der Dr. Stéphanie Obertin, Ministesch fir Héichschoul, Fuerschung an Digitalisatioun, an hire Beroder:innen am Aarbechtsministère. Thema vun der Entrevue war d‘Stagegesetz.
Ugeschwat gouf eng scho säit längerer Zäit fälleg Evaluatioun vum Stagegesetz duerch den Aarbechtsministère. Hei krute mir verséchert, dass dës elo a nächster Zäit soll lancéiert ginn a bis de Summer ofgeschloss sinn mat enger entspriechender Analys.
2023 ass mam neien Héichschoulgesetz d‘Ännerung um Stagegesetz komm, dass elo all Stagë vu Student:inne musse bezuelt ginn, och déi vun de reglementéierte Beruffer. Eng Ännerung déi d‘ACEL begréisst well dëst zu der Gläichstellung vun de Student:inne féiert an esou jidderengem eng Indemnisatioun fir de Stage erméiglecht. Dëst huet awer leider och mat sech bruecht dass eng Rei Student:innen aus dem Beräich vun der Santé an de soziale Beruffer Problemer hate Stagen ze fannen, well si wéineg Patrone fonnt hunn, déi si konnten oder wollte bezuelen. Nodeems de Santésministère dëst Joer een neie Budget geschaf huet fir hei d‘Käschte vun de Stagen ze iwwerhuele ware mir frou ze héieren, dass eng Léisung tëscht dem Héichschoulministère an dem Familljeministère fonnt ginn ass fir dass de Familljeministère d‘Käschte vun de Stage am soziale Beräich iwwerhëlt mat den Acteuren aus der Aarbechtswelt mat deene si eng Konventioun hunn.
Weider Theme vun der Entrevue waren d‘Affiliatioun a Sécurité Sociale wärend engem Stage. Hei krute mir zougesot, dass ee wëll mam zoustännege Ministère kucke fir bestoend Onkloerheeten duerch e Gesetz aus dem Wee ze schafen.
Mir si frou, dass ee konstruktiven Austausch tëscht de Ministèren an der ACEL méiglech war a sinn zouversiichtlech, dass mir weiderhi gutt zesummeschaffe wäerten a Problemer mam Stagegesetz wäerte kënnen ugoen.
Fotoen © MT