Déi wichtegst Informatiounen zu der aktueller Debatt iwwer eng méiglech Reforme vum Pensiounssystem.
Wat ass grad d'Debatt?
- D‘Regierung huet am Koalitiounsaccord festgehalen, dass een eng Debatt an der Ëffentlechkeet iwwer eisen aktuelle Pensiounssystem wëll féieren.
- Net nëmmen d’Gewerkschaften an d’Patronat solle consultéiert ginn, mee och Acteuren aus der Gesellschaft wéi z.B. déi Jonk.
- Am Hierscht wëll d’Ministesch Martine Deprez éischt Gespréicher féiere fir ze kucke wat d’Meenungen an der Gesellschaft sinn.
- Nächst Joer wëll si da kucke wéi ee weidermécht.
Wéini kann s du an d'Pensioun?
Source : CSL
Zourechnungszäiten :
- Du kanns ab 60 Joer an d’Pensioun goen, wann s du 40 Versécherungsjoren hues
- Vun deene 40 Joer kënnen 30 Joer Studiejoren (Zourechnungszäit), Babyjoren, Chômage, etc. sinn.
- D’Studienzäite gi maximal bis 27 a nëmme fir de Bäitrëttsalter an d’Pensioun gekuckt, do huet een awer näischt abezuelt, dofir si se och (bal)* net rentesteigerend.
* 5 Joer Studium maachen dono ca. 77€ pro Mount aus.
Wéi eng méiglech Pensioune ginn et?
De Lëtzebuergesche Pensiounssystem besteet aus verschiddene sougenannte Pilieren.
- 1. Pilier : gesetzlech Pensiounsversécherung (obligatoresch)
- 2. Pilier : betriblech Zousazpensioune déi e Patron fir seng Mataarbechter ka maachen (optional)
- 3. Pilier : privat Zousazpensiounen, d’Produits Prévoyance-Viellesse, déi een individuell vun enger Bank oder enger Assurance keeft (optional)
Wéi héich ass d’Cotisatioun fir déi gesetzlech Pensioun?
- Wann s du schaffs, da gëttd eng Cotisatioun an Héicht vu 24 % vun dengem besteierbaren Akommes an d’Pensiounskeess
- 8 % vun denger Paie bezils du direkt vun denger Paie
- 8 % bezilt de Patron fir dech an
- 8 % leet de Staat nach emol drop
- Déi 24% gi maximal op de 5-fache soziale Mindestloun gerechent
Source : RTL
Wéi vill Pensioun kritt een dono?
- Déi gesetzlech Pensioun besteet aus dräi Haaptelementer:
- forfaitairen Deel : ofhängeg vun der Unzuel u Versécherungsjoren (spillt keng Roll wéi héich de Revenue war)
- proportionellen Deel : ofhängeg dovunner wéi vill ee verdéngt huet
- Allocation de fin d’année : op Basis vun der Unzuel u Versécherungsjoren
- Déi gesetzlech Pensioun ass un den Index gebonnen an et gëtt eng minimal a maximal Grenz :
- Minimal : 2.244,82 € (Januar 2024)
- Maximal : 10.392,67 € (Januar 2024)
Prognose vun der IGSS :
Source : IGSS
IGSS = Inspection générale de la sécurité sociale
Gewerkschaften a Patronat :
- D’Regierung huet de Conseil économique et social (CES) beoptraagt een Avis iwwer de Lëtzebuerger Pensiounssystem ze schreiwen
- D’Gewerkschaften an d’Patronat si sech net eens ginn
- D’Resultat sinn 2 separat Avisen
- Alle béid gi Propose wéi een de Pensiounssystem kéint upassen
Roll vun der ACEL :
- De Student:innen eng Stëmm an dëser Debatt ginn, well si, an allgemeng déi Jonk, dierfen net vergiess ginn
- De Prozess vun enger eventueller Reforme begleeden
- Entscheedungen an d’Auswierkunge vun dësen op d’Student:innen evaluéieren a mat diskutéieren
- D’ACEL huet sech scho mat der Ministesch, der Chambre des salariés (CSL) an dem Patronat (UEL) getraff fir d‘Meenungen auszetauschen
- Fir den Oktober krut d’ACEL d‘Invitatioun vun der Ministesch fir sech erëm ze treffen
Fuerderunge vun der ACEL :
- Flexibiliséierung vun Zourechnungszäiten
- Life Long Learning → Unerkennung vu Studienzäit net un Alter mee u Studium koppelen
- Optional Méiglechkeet sech d’Studiejoren zeréck kafen ze kënne wéi wann een do Cotiséiert hätt
- Ee Pensiounssystem de méiglecht laangfristeg stabil ass a net de Status Quo fir ee kuerzen Zäitraum op Käschte vun der nächster Generatioun probéiert ze garantéieren
Deng Meenung :
Als ACEL free mir eis doriwwer wann s du dir géifs Zäit huelen deng Gedanken iwwer déi ganz Thematik mat eis ze deelen.