De 17. Januar hate mir eisen alljärlechen Neijoerschpatt am Drescherhaus zu Dummeldeng. Mir hunn eis gefreet dass dst Jer rëm sou vill vun eise Gäscht komm sinn fir mat eis op en neit Joer mat vill Zesummenaarbecht unzestoussen.
Den Neijoerschpatt ass eng Geleeënheet fir d’ACEL jidderengem Merci ze soen, mat deene mir am vergaangene Joer zesumme geschafft hunn. Sief et d’Studenten:innen aus eise Cercelen, Acteuren aus dem Bildungssecteur, Politiker:innen, wéi och eis Partner.
Den Ufank huet eisen neie President, den Gianni Di Paoli mat engem Réckbléck ob dat vergaangent Joer gemaach, wou hien erzielt huet wat de Comité geleescht huet. Eis Gäscht kruten awer och ee klengen Ausbléck op dat kommend Joer an deem ënner anerem weider um Pensiounsdossier an un der Ännerung vun der Bourse geschafft gëtt, eis Guiden digitaliséiert ginn an natierlech och eis Events wéi gewinnt d’Student:innen zesummebréngen.
Uschléissend hunn den Här Romain Martin, deen d’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin vertrueden huet, an de Vize-President vun der Chamber, den Här Mars Di Bartolomeo e puer Wieder un eis an eis Gäscht geriicht an hu besonnesch d’Wichtegkeet vun der ACEL an vun engagéierten Jonken an der Gesellschaft ënnerstrach. Des Weideren huet eis den Här Mars Di Bartolomeo a senger Funktioun als Vize-President vun der Chamber agelueden fir un engem Échange an der Chamber deelzehuelen, eng Invitatioun déi mir gäeren ugeholl hunn.