Wéi all Joer huet d’ACEL och 2025 nees hiren traditionellen Quizowend organiséiert, deen mëttlerweil e feste Bestanddeel vum Studentekalenner ginn ass. Den 19. Abrëll hunn sech ronn 80 Studente vu ganz Europa an 18 Ekippen zesummefonnt, fir en usprochsvollen a flotte Quizowend ze verbréngen. An aacht Kategorien – vu Politik bis Stroosseverkéier – gouf d’Wëssen vun de Participanten op d’Prouf gestallt.
D’Competitioun war dëst Joer besonnesch spannend: Et war bis an déi lescht Froen net kloer, wien géing gewannen. Schlussendlech konnten d’Studenten aus Bonn sech knapp duerchsetzen a sech den éischte Platz sécheren. Wéi gewinnt konnte sech déi bescht Ekippen iwwert flott Präisser freeën, déi vun eise Partner zur Verfügung gestallt goufen.
En anere wichtege Moment vum Owend war d’symbolesch Iwwerreechung vun den Erléiser aus dem „Tournoi de Noël“, deen all Joer vun der ACEL organiséiert gëtt. Mat enger Rekordszomm vu 9500 € gouf dëst Joer e staarkt Zeeche vun Zesummenhalt a Solidaritéit gesat. D’Spend goung un déi zwou karitativ Organisatiounen „d’Stëmm vun der Strooss“ an d’„Fondation Cancer“. Besonnesch gefreet huet et eis, dass d’Madame Alexandra Oxacelay, Direktrice vun der „Stëmm vun der Strooss“, perséinlech um Quizowend präsent war. Si huet d’Geleeënheet genotzt, fir d’Aarbecht vun hirer Organisatioun virzestellen a sech häerzlech fir den Engagement vun de Studenten ze bedanken.