Skip to main content

D’Guidë vun der ACEL mat nëtzlechen Informatiounen zum Studium an iwwer 40 Universitéitsstied an dem Start an d’Beruffsliewe sinn ab der Rentrée 2025 op Studenteguide.lu  ze fannen.

Esou kennen sech Schüler:innen a Student:innen am Laf vum ganze Joer selbstänneg informéieren an entweder gezielt no deem siche wat si interesséiert oder de Site an hier Méiglechkeeten entdecken. Och integréiert si praktesch Informatiounen déi besonnesch de Start vum Studium erliichtere sollen, welch bis elo nëmmen am gedréckte Studenteguide enthale waren. Dëse bléift allerdéngs weider bestoen a steet de Primaner als komplementär Publikatioun zur Websäit zur Verfügung.