Déi 41. Editioun vun der REEL (Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois) huet vum 18. bis den 21. September 2025 zu Stroossbuerg stattfonnt. Ronn 150 lëtzebuergesch Student:innen aus ganz Europa hu sech hei versammelt. Wärend de véier Deeg goufen intensiv Diskussiounen iwwert wichteg Thematiken, besonnesch iwwer d’Pensiounsreform an déi aktuell Liewenskäschte gefouert.
Donneschtes ass sech am Kader vun dräi Workshops mat Theme wéi KI am Studium, Informatioun – Behind the Scenes an Generatioun Post-Corona an de Cerclen ausgetosch ginn. Dono gouf et eng Partnerfoire, wou d’REELaner:innen d’Méiglechkeet haten, sech mat verschiddene Firmen a potenziellen Aarbechtsplazen auszetauschen.
Freides gouf et Visitten, dorënner d’Europaparlament, wou d’Student:inne sech mat 3 EU-Députéierte konnten austauschen, eng Distillerie oder ee Wënzer. No engem Stadrallye duerch déi historesch Alstad vu Stroossbuerg, gouf den Dag mam Owesiessen an enger Soirée publique am Club ofgeschloss.
Samschdes stoung d’Journée um Programm. De Premierminister Luc Frieden, d’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin an d’Gesondheets- a Sozialversécherungsministesch Martine Deprez sinn hei mat de Student:innen an d’Gespréich iwwer d’Pensiounen an déi aktuell Liewenskäschte komm. Fir de Start an d’Thematiken ze erliichtere gouf et moies zu all Thema eng kleng Introduktioun an duerno Workshops. Mëttes gouf présentéiert wat derbäi erauskomm ass, uschléissend gouf et no deenen zwou Plenièren jeweils eng Table Ronde iwwer dat Thema.
Sonndes, den Ofschlossdag, gouf et kulturell Visitten vum Schlass Haut-Koenigsbourg, dem Musée du pain d’épices oder der Brauerei Meteor.
D’Organisatioun vun dëser Editioun war e grousse Succès, a jiddereen, vu Participante bis Invitéen, koum voll op seng Käschten. Grousse Merci un d’REEL fir d‘Organisatioun an déi gutt Zesummenaarbecht.