Skip to main content
Communiqué zum neien FNR Gesetz

D’ACEL begréisst de neie Projet de Loi vum Fond National de la Recherche, deen d’Finanzéierung vun Doktorant:innen nei organiséiert. An Zukunft sollen dës komplett iwwer den FNR lafen an net méi d’AideFi kréien, wat e méi strukturéierte Suivi versprécht.Positiv ass och, datt den neie System (AFDoc) méi oppen ass an net méi sou staark selektiv wéi bis elo. Gläichzäiteg stellt sech awer d’Fro, ob dëst laangfristeg finanzéierbar ass.

Suergen ginn et virun allem fir Student:innen, déi hiren Doktorat am Ausland maachen, well nach net kloer ass, wéi gutt si am neie System ënnerstëtzt ginn.

D’ACEL bleift am Dialog mat de Responsabelen, plangt eng Informatiounscampagne a wäert d’Reform weider kritesch begleeden, fir sécherzestellen, datt all betraffe Student:innen gutt informéiert an ënnerstëtzt sinn