D‘Waarden ass endlech eriwwer an d‘ACEL ass zeréck am Radio! All leschte Freiden am Mount vun 20:00 bis 21:30.
Episod 1: D‘ACEL stellt sech vir
Wat ass e Cercle, firwat steet „ACEL“ amfong a firwat sollt een sech als zukünftege Student dofir interesséieren? Am Pilot gi mir mei allgemeng op d‘ACEL, hiren Opbau an hier Aarbecht an.

Episod 2: Köln a Maastricht
An der neister Episod sinn d‘Vertrieder vun de Lëtzebuerger Studentencerclen zu Köln a Maastricht dobäi. Béit Stied si souwuel vun hieren Universitéiten, wei och vum Karneval geprägt. Eng jeck Episod net nëmme fir zukünfteg karnevalistesch Student:innen.

Zukünfteg Episoden:
- 27. Juni – REEL an d‘Ingenieurstudent:innen
- 29. August – Würzburg an Heidelberg
- 1. August – Bonn an d‘Informatiouns- & Datewëssenschaftler