Skip to main content

De 17. September war eis järlech Rentrées-Pressekonferenz wou mir iwwer de Stand vun eisen aktuelle Projete bericht hunn an zousätzlech ee klengen Ausbléck op dat kommend Semester ginn hunn.

Inhalt vun der Konferenz war déi annoncéiert Reform vum Pensiounssystem, d’Boursegesetz wat geännert ginn ass an demnächst gestëmmt soll ginn. Zousätzlech hu mir eis Ëmfro iwwer d’Logementsproblematik bei Student:innen annoncéiert an och iwwer déi lafend Evaluatioun vum Stagegesetz vum Aarbechtsministère geschwat.

Doriwwer eraus gouf ee Bilan vum Student fir een Dag a vum Studentebal gezunn, déi nei Plattform studenteguide.lu, déi ab dem 1. Oktober online ass an den GFD & GFE ersetze soll ass virgestallt ginn an et gouf een Ausbléck op kommend Evenementer wéi d’REEL, d’Studentefoire an den Tournoi de Noël gemaach.

Ausserdem gouf annoncéiert, dass eist Lidderbuch rem mat enger neier Erweiderung vu Scoutslidder am Playstore an Appstore verfügbar ass.