Skip to main content

D’ACEL, zesumme mam Héichschoulministère (MESR), ass houfreg iech de Rendez-Vous den 29. an 30. Oktober an der Coque um Kierchbierg ze ginn. No éischte produktivem Echangë mam MESR plange mir déi nei Versioun vun der Studentefoire a feieren an engems de 40. Anniversaire.

Den neie Standuert, wéi och dat neit Konzept bidde méi Perspektiven an d’Héichschoulwiesen, an d’Aarbechtswelt, an an den Engagement. Dräi essentiel Aspekter wann et em d’Zukunft vun de Jonke geet.

Mir freeën eis schonn iech an der Coque empfänken ze kënnen a schaffe bis dohi fläisseg mam MESR zesummen un der Ëmsetzung vun dësem wichtege Projet.

Weider Informatiounen ginn et op https://studentefoire.lu