Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Fribourg

By April 7, 2020No Comments

FRIBOURG : Christophe Stammet

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

Aschreiwungsgebühren: 100CHF op der Université de Fribourg(UNI) an op der Haute École Pédagogique de Fribourg (PH).

Semestergebühren: 985CHF op der Université de Fribourg –  4200CHF op der Haute École Pédagogique de Fribourg.

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

Bis den 30ten Abrëll op der Université de Fribourg an bis den 31ten Mee op der Haute École Pédagogique de Fribourg.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Ënnert folgende Links fann dir méi Informatiounen iwwert d’Umeldungsprozedure op der Uni esou wei och op der Héichschoul:

www.unifr.ch/admission(Informatiounen fir d’Uni), https://www.hepfr.ch/formation/procédure-dadmission (PH)

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

D’Emrechnungsgebühren vun € a CHF selwer iwwerhuelen, soss kennt net de ganze Montant an der Schwäiz un.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Fribourg ass eng kleng an doduerch extrem perséinlech Uni-an Studentestad an d’Zweesproochegkeet am Studium ass fir eis Lëtzebuerger en enorme Virdeel.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Déi pedagogesch Ausbildung fir enseignant(e) d’école primaire (op der PH), Psychologie an Ekonomie (op der Uni).

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Mam Stammdësch den all Woch stattfënnt (heiandsdo mat Pubquiz, Bowlingturnéier, Kniddele vum Comité). Donieft huet eist Beerpongturnéier och grousse Succès a passend fir d’Schwäiz  organiséiere mir ënnert anerem ee Skiweekend zu St.Stephan.

 

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/FRIBLETZ/ oder http://www.fribletz.lu.