Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Um Belval

By April 10, 2020No Comments

BELVAL: Lou Pepin – Langue et littérature allemande

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI: 

  • Frais d’Inscription op der Université du Luxembourg leie bei 400€ fir dat éischt Joer Bachelor pro Semester.
  • Frais d’inscription fir déi aner Bachelor Jore leie bei 200€ pro Semester.
  • Frais d’inscription fir de Master leie bei 200€ pro Semester.

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI UMELLEN?

  • Fir d’Faculté de Droit, d’Économie et de Finance (FDEF) op der Université du Luxembourg kann een sech vu Februar bis Abrëll umellen.
  • Fir déi aner Studiegäng kann een sech am generelle vu Mee bis Juni umellen.

Am beschten informéiert dir iech iwwert de Site vun der Uni bis wéini een sech genau umelle kann: https://wwwfr.uni.lu/etudiants/demandes_d_admission_reinscriptions

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

D’Demande ginn online ënnert folgendem Link gemaach: https://wwwfr.uni.lu/etudiants/demandes_d_admission_reinscriptions

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Fir verschidde Studiegäng muss en en Dossier virbereeden. Doriwwer gitt dir bei der Online-Umeldung informéiert.

FIRWAT STUDÉIERS DU OP DER UNI.LU?

Ech studéieren op der Uni.lu, well si ganz spezifesch Masteren, wéi a mengem Fall en “Master en Enseignement Secondaire“, ubidden. Dëse Master bereet mech punktgenau op de Beruff vum Proff fir a bitt mir, nieft dem héichqualitative fachlechen Deel, eng Ausbildung an Didaktik a Pedagogik. Ausserdeem hunn si gutt organiséiert a vernetze Strukturen, soudass et méiglech ass direkt an de Schoule Stage ze maachen. Allgemeng ass d’Uni.lu eng gutt encadréiert a modern Uni mat immens kompetente Profen

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

D’Uni.lu ass quasi an alle Beräicher gutt opgestallt a bitt och deementspriechend vill verschidde Studiegäng un, soudass fir jiddereen eppes dobäi ass. De Virdeel hei ass, dass d’Uni.lu immens vill Wäert op Méisproochegkeet leet, soudass en Studiegang meeschtens net monolingual ass. Doduerch léiert en vill Leit mat verschiddene sproochlechen Hannergrënn kennen an déi sproochlech Vilfalt mécht sech och am Studentenalldag um Belval oder um Kierchbierg bemierkbar.

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link mellen: acel.lu