Studéiere goen, sief et am Ausland oder zu Lëtzebuerg, ass mat Käschte verbonnen an dofir gräift de Lëtzebuerger Staat de Student:innen ënnert d’Äerm.
Service Aides financières

Zu Lëtzebuerg këmmert de Service Aides financières vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung sech ëm d’Gestioun vun der finanzieller Hëllef, déi de Staat de Student:innen ubitt. Du kanns e per Telefon oder E-Mail kontaktéieren oder einfach am Service, dee vu méindes bis freides vu 7:45 bis 16:30 op ass, laanschtgoen.

MESR – Service Aides financières
18-20, montée de la Pétrusse
L-2327 Luxembourg
Internetsäit: mengstudien.lu
Tel.: (+352) 247 – 88650
E-Mail: email hidden; JavaScript is required

Wéi vill Suen hunn ech zegutt?

Déi finanziell Hëllef vum Staat besteet aus engem Deel Bourse an engem Deel Prêt. D’Bourse ass deen Deel, deen een sou gesot geschenkt kritt. Dat heescht, dass een deen Deel net zeréckbezuele muss. De Prêt muss een no sengem Studium zeréckbezuelen. De Prêt ze huelen, ass optional. Et ass jidderengem fräi iwwerlooss, ob en de Prêt huele wëll oder net.

D’Bourse kann een 2 mol am Joer ufroen, eng kéier fir d’Wantersemester an eng kéier am Summersemester. Dofir kann een déi folgend Zuelen déi pro Semester ausgedréckt sinn och verduebele fir de Gesamtbetrag op ee Joer ze gesinn

Basisbourse 1.199 € pro Semester All Student:in, deen:déi op enger Universitéit oder Héichschoul ageschriwwen ass, huet heirobber en Urecht.
Mobilitéitsbourse 1.491 € pro Semester Kritt all Student:in, deen:déi ausserhalb vu sengem Wunnsëtzland studéiert an do Loyer bezilt.
Sozialbourse maximal  2.321 € pro Semester Jee nodeem, wéi héich dat besteierbaart Akommes vun den Elteren oder besser gesot, dem Stot ass, an deem een ugemellt ass, kann ee bis zu 2.321 € Sozialbourse kréien. Deen Deel, deen een net kritt, kann een als Prêt ufroen.
Familljebourse 287 € pro Semester Kritt all Student:in, deen:déi e Brudder oder eng Schwëster huet, deen oder déi am selwechte Stot ugemellt an och op enger Uni ageschriwwen ass. Dësen Deel vun der Bourse kritt een nëmmen am Summersemester ausbezuelt, dofir ass et awer dann den duebele Betrag.
Studiefraisen maximal 3.800 € pro Joer D’Aschreiwungs- a Studiekäschte bis zu maximal 3.800 € ginn zu jee 50% op d’Bourse an op de Prêt opgedeelt.
Härtefall 1.000 € pro Joer Sollt ee sech an enger „situation grave et exceptionnelle” befannen, kann een eng zousätzlech finanziell Hëllef vun 1.000 € ufroen, dëst an engem Bréif un de „Ministère de l’Enseignement Supérieur et de la Recherche“ adresséiert, an deem een seng Situatioun erkläert. D’Sue ginn zu jee 50 % op d’Bourse an op de Prêt opgedeelt. Diskutéiert ginn d’Härtefäll an der Commission consultative de l’aide financière, an där ënner anerem och d’ACEL vertrueden ass.

WICHTEG: Dës Montante sinn un den Index gekoppelt a kënne jee nodeem variéieren. (Stand 22.04.2024)

3.250 € bis 7.471 € pro Semester: All Student:in ka 3.250 € Prêt ufroen. Deen Deel vun der Sozialbourse, deen een net kritt, kann een och als Prêt ufroen. Zousätzlech kenne bis zu 1900€ fir d’Aschreiwungs- a Studiekäschten derbäi kommen. Domat kann de Prêt bis op 7.471 € klammen. Dësen ass op maximal 2% Zënse gedeckelt an ass zwee Joer nom Studium an enger maximaler Zäitspan vun zéng Joer zréckzebezuelen.

 

WICHTEG: Dës Montante sinn un den Index gekoppelt a kënne jee nodeem variéieren. (Stand 22.04.2024)

Um Site vum Ministère gëtt et och ee Simulator wou ee ganz einfach ka kucke wéi vill Bourse a Prêt een zegutt huet : Simulatioun

Wéi maachen ech meng Demande?

Du muss deng Demande online iwwert MyGuichet maachen, dobäi hues du awer zwou Méiglechkeeten:

  • Online oder iwwert MyGuichet App MAT LuxTrust / eID
  • Online OUNI LuxTrust / eID

Méi Informatioune fënns du um Site vum Service Aide financières vum Héichschoulministère :
https://mengstudien.public.lu/fr/aides-financieres/aidefi/aide-demarche.html

Fir déi gefroten Dokumenter eropzelueden, kanns du och d‘MyGuichet App (MAT LuxTrust / eID) benotzen.

DEADLINE:      

  • Wantersemester: vum 1. August bis den 30. November
  • Summersemester: vum 1. Januar bis den 30. Abrëll

Wichteg: Däin Dossier muss virun den uewegenannten Deadlinen eragereecht ginn, och wann nach Dokumenter an dengem Dossier feelen an deen onvollstänneg ass. Wann s du en onvollstännegen Dossier virun der Deadline eragereecht hues, hues du d’Méiglechkeet, spéider déi Dokumenter nozereechen, déi gefeelt hunn. Wann eppes feelt, kriss du iwwer MyGuichet eng E-Mail geschéckt.

E vollstännegen oder onvollstännegen Dossier, deen eréischt no der uewegenannter Deadline eragereecht gëtt, gëtt net méi consideréiert an et verléiert een esou säin Urecht op d’Bourse fir dat Semester.

Wéi laang kréien ech d'Bourse?

All Student:in huet d’Bourse esou laang zegutt wéi hier Reegelstudienzäit dauert. Réischt wann een den éischten Zyklus (wéi zum Beispill ee Bachelor) ofgeschloss huet kann een een neien Zyklus ufänke wou een nees déi nei Reegelstudienzäit zegutt huet. Zousätzlech huet all Student:in zwee Bonus Semesteren zur Verfügung déi iwwergräifend zu all Zyklus kennen agesat ginn.

Als Beispill fänkt een/eng Student:in e Bachelor un dee 6 Semester dauert an huet dofir 8 Semestere Bourse zegutt. Dës:e Student:in brauch fir dëse Bachelor ofzeschléissen awer 7 Semesteren. Dono well hien:hat nach ee Master maachen dee 4 Semesteren dauert. Dofir huet hien:hat dann nach 5 Semester, mat dem enge Bonussemester wat aus dem Bachelor iwwereg war, een Urech top d’Bourse fir dëse Masterstudium kennen ofzeschléissen.

Et ass och méiglech säi Studium ze wiesselen. Dobäi sollt een awer oppassen, well do gëtt net nees vu vir ugefaange mat zielen, mee et gëtt do wieder gezielt, wou de leschten Zyklus ugefaange gouf.

Wat ass ... ?!

E Cycle ass e Studiegang. De Bachelor ass deen éischte Cycle an de Master ass deen zweeten.

De „Relevé d’identité bancaire” (RIB) ass eng Beschäinegung, déi vun der Bank ausgestallt gëtt, a bestätegt, dass e Kont op e bestëmmten Numm leeft (méi dozou ënner „Online-Dokumenter”).

Wann s du kee Kontrakt hues, well s du z. B. an enger WG wunns, geet eng schrëftlech Bestätegung vum Haaptlocataire oder Proprietär:in duer.

Dësen Deel vu 574 €/Joer gëtt nëmme bei der zweeter Tranche (Summersemester) vun der Bourse ausbezuelt. Wann s du keng zweet Tranche ufrees, kanns du d’Familljebourse mat engem extrae Formulaire awer ufroen (SONSTIGE STIPENDIEN / AUTRES AIDES FINANCIÈRES). Wann s du e Subsid, deen net un e „ Merite” gebonnen ass, vun der Gemeng kriss, muss du deen hei uginn.

Op macommune.lu / vdl.lu (dat ass net bei all Gemeng de Fall)

  • Certificat de résidence
  • Certificat de résidence élargi

Bei der Uni (dat ass net bei all Uni de Fall)

  • Frais d’inscription/Certificat d’inscription définitive
  • Relevé de notes de l’année précédente

Um Web-Banking :

  • RIB / Bankverbindungsnachweis / Relevé d’identité bancaire

Bei der Spuerkeess:

  • Preuve de paiement des frais d’inscription
  • Preuve de paiement de loyer
  • RIP :
    • S-net aloggen
    • „Comptes et cartes”
    • „…”
    • „Relevé d’identité bancaire”

Méi Informatioun fënns du ënner: https://mengstudien.public.lu/fr/aides-financieres.html

Wat maachen ech, wann ech keng Adress méi zu Lëtzebuerg hunn?

Wann s du d’Bourse ufroe wëlls, brauchs du eng Adress zu Lëtzebuerg op där s du ugemellt bass. Wann s du awer zum Beispill aus dem Foyer kënns oder net méi d’Méiglechkeet hues, bei dengen Elteren ze wunnen, kanns du dech an der Maison Eisenborn vum Service National de la Jeunesse (SNJ) umellen. Esou behäls du eng Residenz zu Lëtzebuerg, wat dir erméiglecht, d’Bourse beim Héichschoulministère unzefroen.

Hei hues du och d’Méiglechkeet, wärend de Weekender oder an de Vakanzen ee vu 17 Zëmmer ze lounen. Zu deenen Zëmmeren zielen eng Gemeinschaftskichen, en Openthaltsraum an e Gemeinschaftsbuedzëmmer. De Loyer ass relativ gënschteg an erlaabt et engem, seng Wunneng am Ausland weiderzebezuelen. Du kanns ausserdeem och just e Raum kréien, fir deng perséinlech Saachen ënnerzestellen.

D‘Krittären, déi een als Student:in muss erfëllen, fir seng Demande beim SNJ kënnen ze maachen ass, dass een:

  • manner wéi 30 Joer al ass
  • am Ausland studéiert
  • keng Adress zu Lëtzebuerg huet
  • wëlles huet, e Lien zu sengem Ëmfeld zu Lëtzebuerg oprechtzëerhalen

Wann s du an esou engem Fall bass oder eng Persoun kenns, fir déi d’Maison Eisenborn eng Hëllef kéint sinn, da mell dech iwwer d’Adress email hidden; JavaScript is required. Si kucken sech däin Dossier un an organiséiert dann e gemeinsamt Gespréich.