AELK
Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe
Wee si mir?
Mir sinn d’AELK (Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe), e Veräin vu Lëtzebuerger Student:innen, dee säit 1955 existéiert. Eis Haaptzil ass et, d’Integratioun an de Zesummenhalt vun neien an aktuelle Studente zu Karlsruhe ze fërderen. Mir vertrieden d’Interesse vun de Lëtzebuerger Studente géintiwwer Institutiounen, hëllefen bei Liewens- an Studiefroen a bidden eng breet Palette u kulturellen, gesellegen a sportlechen Aktivitéiten un. Dobäi verbannen mir Studente vun ënnerschiddleche Fachrichtungen, encouragéieren Austausch an ënnerstëtzen de Start an d’Studenteliewen an Däitschland. Mir schaffen enk mat anere Studentecercelen zesummen an droen dozou bäi, d’Lëtzebuerger Gemeinschaft zu Karlsruhe ze stäerken.
Wat maachen mir?
- D’Vëlosheemrees ass eisen allejoeresche Sports-Highlight, bei deem mir a bannent engem Dag vu Karlsruhe op Lëtzebuerg fueren. Duerch Patronagen a Spendenaktiounen ënnerstëtze mir dobäi eng ausgewielte sozial Organisatioun a maachen aus der sportlecher Erausfuerderung eng gemeinschaftlech Aktioun mat reellem Impakt.
- Eisen Wäin & Kéis Owend ass eng traditionell Verkostung mat Auswiel u Wäiner a klassescher Kéisfondue. D’Participantë kommen schéin ugedoen zesummen an et entsteet eng frëndlech, geselleg Chrëschtdagsatmosphär, déi ideal an dës Zäit vum Joer passt.
- Beim LuxiQuiz trieden Teams géinteneen un a beäntwerten Froen zu Lëtzebuerg, Kultur, Geschicht, Studieliewen an Allgemengbildung. Et entsteet eng dynamesch an interaktiv Atmosphär, an um Schluss gëtt dat bescht Team mat engem flotte Präis ausgezeechent.
- Fir den Nationalfeierdag treffen mir eis um Baggerweier bei Karlsruhe mat deenen, déi iwwer d’Vakanzen do bleiwen. Et gëtt gegrillt, Beachvolleyball gespillt, Waasseraktivitéite gemaach a mir genéissen dobäi gutt Musek an e kale Béier.
- Bei eiser Clubrees verbréngen mir e verlängerte Weekend ausserhalb vu Karlsruhe, mat Iwwernuechtung, geplangten Aktivitéiten a kulturellen Elementer. Vergaangen Destinatioune waren zum Beispill Prag, Mailand, Hamburg oder Amsterdam, wou mir Stied entdecken an zesumme flott Erfarunge sammelen.
Follow eis an de soziale Medien


