Och dëst Joer fënnt traditionnell de Student fir 1 Dag neess an der Ouschtervakanz statt, wou mir wéi gewinnt, mat de Busser an déi verschidde Stied fueren, wou een sech op der Platz kann ee Bild vun der Studentestad maachen an een Abléck an d’Studenteliewe kritt, an dobäi vun de verschiddene Studentencercelen encadréiert gëtt.
De Projet „Student fir 1 Dag” bitt dir eng eemoleg Geleeënheet, d’Unien an d’Unisstied op eng ganz besonnesch Aart a Weis kennen ze léieren an dir bei dengen Entscheedungen ze hëllefen. Looss dir d’Uni, d’Héichschoul, de Campus an d’Stad selwer vun de lëtzebuergesche Studenten op der Platz weisen an erklären. Um Programm stinn d’Visitte vun den Uni’en a vun deene wichtegste Gebaier vum Campus, ewéi d’Bibliothéik, d’Hörsäll oder d’Administratiouns Gebaier. D’Visitte gi mat engem Iessen oder engem Patt am Stammcafé vum jeeweilege Cercle ofgeronnt. Wärend dem ganzen Dag stinn d’Lëtzebuerger Studenten dir zur Verfügung fir dir op all méiglech Froen ze äntweren an dir vun hiren Erfarungen ze zielen.