Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

An der Summerpaus nach puer Intercerclen

By August 4, 2019December 14th, 2019No Comments

Lo wou d’Sonn schĂ©ngt an di meescht Leit hir Summervakanz kenne genĂ©issen, presentĂ©iere mer Iech nach di lescht Intercerclen dĂ©i virun der Summerpaus stattfonnt hunn.

Saufest (LSW)

Déi eng Studente gi Péngschten ëmmer zréck ob Lëtzebuerg, fir mat hire Famillen dëse Feierdag kennen ze verbréngen. Déi Aner profitéiere vun de fräien Deeg, fir bis ob Wien ze fueren oder fléien an do beim traditionellen Saufest deelzehuelen. Säit elo 5 Joer e feste Bestanddeel vum Studentekalenner dréint sech des Intercercle em di 2 Sai, déi bei der Donau gegrillt an zerwéiert ginn. Mee fänke mer mol vu fir un:

De ganze Spaass fänkt scho Freides owes un, wou bei engem Wëllkomm-Patt all Mënsch an der éisträichescher Haaptstad begréisst gëtt. Dëst Joer war den Treffpunkt beim Badeschiff, engem Schëff ob der Donau mat Pool, Baren a Sëtzgeleeënheete mëtten an der Stad, déi eng vun de grousse Sehenswierdegkeeten an der Wiener Barszene ass an déi de LSW-Comité de Participante wollt onbedéngt weisen. No ville Gespréicher mat neien an ale Kollegen ass et dann awer net all ze spéit ginn, well den Dag drop sollt nach laang ginn.

Well Samschdes fänkt dann d’HaaptaktivitĂ©it un. Ab MĂ«ttes 12 Auer ginn 2 Sai ob enger grousser Grillplaz bei der Donau zerwĂ©iert a vun de Leit, dĂ©i rechtzäiteg do gewiescht si fir nach e StĂ©ck kĂ«nnen ze ergatteren, verspeist. SpĂ©itstens um 1 ass dann och dovu leider näischt mĂ©i iwwreg, mee de Grill gĂ«tt nach ëmmer virun um Lafe gehalen, fir am Laf vum NomĂ«tten di eng oder aner Wurscht drop ze grillen. Nieft dem Iessen huet de ComitĂ© natierlech och fir genuch kaalt GedrĂ©nks gesuergt, deen d’Participante beim perfekte Summerwieder ofkille soll. An sou gouf dann de ganzen NomĂ«tten ob der Wiss geleeĂ«n, mat Leit geschwat a verschidde sportlech AktivitĂ©iten duerchgefouert wei beispillsweis Spikeball oder ganz banal an der Donau schwammen. D’StĂ«mmung war natierlech immens, sou dass sech dat ganzt bis 12 Auer an der Nuecht gezunn huet, obwuel wäit a breet keng Luuchte waren, mee d’Däischtert huet nach ni ee vun der Plaz verjot. WĂ©i dann alles agepaakt war, ass den haarde Kär nach bis an eng Disco gaangen, mee di Meescht hunn sech ob den Heemwee gemaach.

Well Sonndes war de Programm jo nach net fäerdeg. Sou huet de ComitĂ© nach fir di Leit, dĂ©i sech zu Wien nach net gutt auskannt hunn, eng kleng Visitt vun der ‘RingstraĂźe’ organisĂ©iert. Ob dĂ«ser Strooss am Wiener Zentrum befannen sech eng zuelräich schĂ©in, al an och wichteg Gebaier wĂ©i d’Oper, d’Rathaus oder d’Hofburg, dĂ©i d’Leit all gewise kruten. Nodeems d’Visitt fäerdeg war an d’Leit hongereg goufe vum ville RonderĂ«mlafen ass et dann nach ob d’Ofschlossiessen an d’Stiegl-Ambulanz gaangen. Bei, wĂ©i sollt et och anescht sinn, engem gudde Wiener Schnitzel konnten d’Geschichte vum Samschden nach eemol erzielt ginn an nei Bekanntschafte verdĂ©ift ginn. Als sech och hei de Mound um Himmel gewisen huet, ass di grouss Grupp erĂ«m an 2 Stecker gerappt ginn, dĂ©i MotivĂ©iert hunn nach d’Wiener Nuetsliewen onsĂ©cher gemaach, an di Aner hunn sech ob den Heemwee gemaach fir hir Reserven erĂ«m opzelueden, ier et um PĂ©ngschtmĂ©indeg da fir Jiddereen erĂ«m geheescht huet: Ciao Vienna, Hello Studium.


 

Beachvolleyball-Intercercle (LSK)

Keng Woch mi spéit huet dann den LSK erëm all Mënsch op hire groussen Beachvolleyball-Tournoi agelueden. Och des Intercercle ass e Fixpunkt am Kalenner vun de Lëtzebuerger Studenten an dat och zu Recht, well hei ass Sonn, Sport a Spaass garantéiert.

Ob engem gelounten Areal mat puer Beachvolleyballterrainen hunn sech 28 Equippen aus 7 verschiddene Cerclen e ganzen Dag gĂ©igesäiteg erausgefuerdert fir de Pokal vum GesamtgewĂ«nner kĂ«nne matheemzehuelen. Spannend 4-gĂ©int-4-Matcher hunn all d’Leit amesĂ©iert, d’Supporter fir di eenzel Equippen hunn mächteg StĂ«mmung gemaach an d’Leit hannert dem Grill an der Bar den hongeregen an duuschterege Leit hir Suerge geholl. An engem hĂ©ichklassege Match huet sech dann d’Equipe vu Freiburg (SLUF) gĂ©int hir Kollege vun TrĂ©ier (LST) duerchgesat an di éischt Plaz ergattert, sou grad ob d’GewĂ«nnerträppchen ass nach eng Equipe vun Oochen (AVL) komm.

Nodeems dann och all Sportler fäerdeg geduscht war an all Supporter seng Utensilien agepaakt huet, sinn si dann all zesumme mat engem Bus ob hir GrillhĂĽtt gefuer, wou da bis spĂ©it an d’Nuecht gefĂ©iert gouf  an dono och do geschlof konnt ginn. WĂ©i dann d’Sonnestralen duerch d’FĂ«nstere gefall sinn an di éischt Leit erwächt goufen, ass et nach e klenge Kaffi mat engem Croissant zerwĂ©iert ginn, ier sech och hei erĂ«m jiddereen ob den Heemwee an d’Studiestad gemaach huet.


 

Summercup (ALUS)

Zwou Wochen drop hunn dann eis Kollege vun der ALUS den Summercup organiséiert. Hei handelt et sech em 2 Tournoien, eemol e Fussballstournoi an eemol en Beerpongtournoi.

Um Fussballterrain zu Hueschtert war dann ab hallwer 10 Moies alles dofir prett, fir di sĂ«lleche Leit ze empfänken a mat alle Leit e flotten Dag ze verbrĂ©ngen. Fir dass dat ganzt och engem gesonde Rhythmus follegt, gouf natierlech mam Fussballstournoi ugefaangen. 7 mol 7-Mann/Fra-Equipe hunn sech an 2×7-Minutten-Matcher iwwert den hallwen Terrain duellĂ©iert, fir de GewĂ«nner vum Fussballstournoi erauszefannen. Fir dass och kee Sportler oder Supporter bei den heigen Temperature vun de Bee fält, ass d’Verfleegung a fester a flĂ«sseger Form natierlech net ze kuerz komm. Mat vill Ă„ifer hunn d’Grillmeeschter Wurschte verdeelt an d’Barleit Waasser ënnert d’Leit bruecht, ier et no der MĂ«ttespaus mat der K.O.-Ronn virugaangen ass. An enger spannender Final huet sech dann d’Heemequipe vun der ALUS gĂ©int d’Erausfuerderer vum AVL duerchgesat a konnt de Pokal an seng Vitrinn stellen.

Als dann och de leschte Fussball agesammelt war, huet jiddereen sech erĂ«m mental ob di nächst Erausfuerderung misse virbereeden, well de Beerpongtournoi stoung elo um Programm. Ob 8 DĂ«scher hunn sech 33 Equipe opgestallt fir zu 2 an 2 den 2. Pokal vum Dag ze gewannen. Och hei gouf kee MĂ«nsch geschount an all Equipe huet HĂ©chstleeschtung bruecht, sou dass no villen enke Partien d’Equipe ‘Schmaltes’ als GewĂ«nner konnt ernannt ginn.

WĂ©i de leschte Ping-Pongs-Ball an de Becher ass dann och de Start vun der After-Party gefall an d’Leit konnten sech nach bis 19 Auer bei der Bar an dem Grill zerwĂ©ieren oder sech an de klenge Kannerbaseng geheien, ier dann alles ageraumt gouf. Well owes stoung dann nach den After-Summercup-Bal um Programm, deen d’ALUS an Zesummenaarbecht mat der LESTLE an dem ELAN organisĂ©iert huet an deen e perfekten Ofschloss vun engem gelongenen Intercerclesdag war.


 

Heimat wiere mer och um Enn vun dësem Blog iwwert eis Intercerclen. Mir wënsche jidderengem eng flott Lecture vun dësen Zeilen an natierlech och eng super Summervakanz souwéi e gudde Start an dat neit Studiëjoer. Hoffentlech kommt der am Hierscht erëm laanscht luussen, wann eis Cerclen nei Intercerclë organiséiert hunn a mir iech dovun erziele kënnen. \MC

X