Du gees geschwënn studéieren oder bass scho Student? Dann sécher dir elo „de Studenteguide” vun der ACEL! An dëser Publikatioun soe mir dir wat’s du fir däi Studium an deem jeeweilege Land wësse muss. Nieft de Besonneschkeeten an 9 verschiddene Länner, wéi zum Beispill GEZ an Däitschland oder Taxe d’habitation a Frankräich, erkläre mir dir an dëser Broschür och wat’s du fir deng Wunnengssich wësse muss, wéi’s du däi Studium finanzéiere kanns a wéi dat mat der Krankeversécherung am Ausland gereegelt ass.

De Studenteguide