Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Stroossbuerg

By April 4, 2020No Comments

STROOSSBUERG: Kelly May – Management de la Qualité (Economie) Université de Strasbourg

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI: 
Fir all Bachelor op der Université de Strasbourg : 170€ + 91€ CVEC

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI UMELLEN?
Vun Mëtt Januar bis Mëtt Mäerz fir all Bachelor op der Université de Strasbourg.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?
Iwwert de Site parcoursup.fr.

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI?
Fir sech op der Université de Strasbourg unzemellen, muss ee fir all Studiegang 91€ CVEC – Contribution de Vie Étudiante et de Campus bezuelen. Méi Informatiounen zur CVEC fënns du ënnert folgendem Link: https://cvec.etudiant.gouv.fr

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?
Ech wollt ëmmer an eng franséischsproocheg Stad studéiere goe well dat mir herno um
Aarbechtsmarché villes vereinfache wäert. Stroossbuerg war fir mech de perfekte Choix, well et eng Stad mat Charme ass déi och net ze grouss ass an dobäi och ee flott Studenteliewen ubitt. Een anere wichtege Punkt fir mech war dat een eng gewëssen Distanz zu
Lëtzebuerg huet an awer huet een och d’Méiglechkeet spontan heem ze komme well et net ze weit fort ass.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?
Déi mécht Lëtzebuerger Studente studéieren Ekonomie oder Droit zu Stroossbuerg.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?
Mir organiséieren 1 bis 2 Mol an der Woch een Event zu Stroossbuerg fir d’Lëtzebuerger reegelméisseg zesummen ze bréngen. Am September fänke mir mat eisem Rallye de découverte un, wou déi nei Studenten d’Méiglechkeet hunn Stroossbuerg op eng flott Aart a Weis ze entdecken. Dann organiséiere mir 1 mol am Joer ee grousst Tarte Flambée Iesse wou natierlech och aner Studenten aus aner
Stied wëllkomm sinn. Donieft fuere mir och 1 Mol am Joer mat eise Memberen an eng Vakanz wou mir all Joer eng aner Destinatioun raussichen. Nieft dësen Aktivitéiten organiséiere mir awer nach ganz vill aner Events.

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/ALUS/ oder https://alus.lu/kontakt