Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Wien

By April 4, 2020April 6th, 2020No Comments

WIEN : Ciara Daleiden – Publizistik- und Kommunikationswissenschaften, Universität Wien

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:
All staatlech Universitéit zu Wien kascht 20,20€ d’Semester

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

Op der TU an op der UniWien ass d’Umeldungsperiode normalerweis tëscht Ufank Juli an Ufank September. Dëst ass awer ofhängeg vun deene verschiddene Studiengäng, dofir ass et am Beschte wann een sech mat Zäiten um Internetsite vun de verschiddenen Universitéten informéiert.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?
·      Universität Wien: https://slw.univie.ac.at/studieren/studieninteressierte/

·      Wirtschaftsuniversität: https://www.wu.ac.at/studium/bewerbung-und-zulassung

·      Technische Universität: https://www.tuwien.at/studium/zulassung/online-studienbewerbung/

·      Universität für Bodenkultur: https://boku.ac.at/studienservices/themen/zulassung

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Zu Wien gëtt op kenger Uni een Numerus Clausus gefrot, mee fir verschidde Studiengäng gëtt en Opnamexame gemaach.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Viru 4 Joer hunn ech de Choix getraff op Wien studéieren ze kommen, eppes wat ech net bereien, ech sinn nach wie vor faszinéiert vun dëser Stad! Och wann Wien 1000km vun Doheem ewech ass, fillt een sech hei als Student*in gutt opgeholl a gutt ëmginn, zemools duerch de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Am beléiftsten ënnert de Lëtzebuerger si folgend Studiegäng: Ekonomie, Bio, Medezin. Architektur, Politikwëssenschaften, Geschicht, Kommunikatioun.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

De Studentecercle zu Wien ass déi lescht puer Joer extrem gewuess, mëttlerweil zielen mir iwwert 300 Memberen.
Als LSW Comité organiséieren mir natierlech déi zwee Semester iwwer verschidden Evénementer fir d’Lëtzebuerger zesummen ze bréngen. Ugefaange gëtt d’Studenteliewe mat enger Daf (eng Schnitzeljagd duerch ganz Wien). Am Summer suerge mir fir bombastesch Stëmmung op eisem traditionellen Intercercle, d’Saufest, hei gëtt ee ganzen Dag laang zu iwwert 500 Studenten bei guddem Wieder op der Donau gegrillt a gechillt. Donieft fëllen mir d’Semesteren awer och nach mat méi klengen Events, ewéi zum Beispill engem Beerpongtournoi.

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: https://acel.lu/cercles/LSW/ oder https://lsw.lu/kontakt/