Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Innsbruck

By April 6, 2020No Comments

INNSBRUCK: Lynn Faber – Pharmazie; Carlo Glod – Architektur; Magali Terreri – Biologie

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

Op der Leopold-Franzens-Universität (LFU) leien d’Registratiounsgebühren bei 50€ an d’Semestergebühren fir d’Unien sinn em déi 20€ (Summersemester 2020 sinn et 20,20 €).

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

D’Umeldungsfrist fir d’Wantersemester geet bis Ufanks September a fir d’Summersemester bis Ufank Februar.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Bei der Leopold-Franzens-Universität kann een sech online op hirem Site umellen: https://www.uibk.ac.at/studium/angebot/a-z/

Bei der Medizinischen Universität Innsbruck (MUI) muss ee fir d’éischt een Opnamexame schreiwen. https://www.i-med.ac.at/studium/
Beim der Management Center Innsbruck (MCI) muss een sech online umellen an ee Motivatiounsschreiwes an säi Liewenslaf raschécken. https://www.mci.edu/de/studium/bewerbung-und-zulassung

Weider Informatioune fannt der an eiser Broschür.

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Et soll een op déi allgemeng Saachen oppasse wéi: Deadline respektéieren, kucken dass déi Dokumenter déi verlaangt gi komplett sinn, sech am viraus iwwer eventuell Opnametests oder Zousatzprüfungen informéieren (dat fannt dir awer och schonn op der respektiver Websäit vun der Uni a bei der Online-Umeldung).

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Duerch déi vill Outdoor-Aktivitéiten, d‘Angebot un Sport, d‘Bierger, d‘Natur, den Charme vun der Stad an d’Leit hu mir eis fir eis Studien entscheet op Innsbruck ze goen.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Mir sinn der Meenung dass Soziologie, Erziehungswissenschaften a BWL am beléiftste sinn. Mee vun den Erstsemestrigen a vun de Schüler op der Studentefoire hu mer och héieren dass Sport a Biologie ganz beléift ass. Do gesäit een, dass eis Lëtzebuerger Studenten a vill verschidde Studiegäng vertruede sinn.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Mir organiséieren dat ganzt Joer iwwer Eventer fir eis Lëtzebuerger Studenten ewéi och aner Studenten zesummen ze bréngen. Dozou gehéieren d’Beerpong League, de Fräibéier an de Stammdësch.

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/LSI/ oder www.lsi-students.at.