Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Kaiserslautern

By April 6, 2020No Comments

KAISERSLAUTERN: Christian Heinesch – Elektro- und Informationstechnik

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

Bei der Uni, wei och bei der Héichschoul sinn eemoleg Bearbeitungsgebühren an der Héicht vu 50€ fir auslännesch Studente fälleg. Zousätzlech komme beim Erstelle vun der Studentenkaart nach 8€ dobäi. Dono muss de Student nëmmen nach all Semester säin Sozialbeitrag bezuelen. Deen Betrag läit aktuell bei 241,81€ fir d’Uni an 245,31€ fir d’Héichschoul, mee dee gëtt awer all Semester ugepasst. Am Géigenzuch kann een am Ëmkrees vu 50 km den ëffentlechen Transport gratis notzen an ausserdeem kritt een Ermässigunge beim Kino, an der Schwämm oder bei engem Futtballspill vum FCK.

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

Fir d’Technesch Universitéit Kaiserslautern an d’Héichschoul vu Kaiserslautern gëlle folgend Umeldungsfristen:

Wantersemester:

Zulassungsbeschränkt: 15. Juli

Zulassungsfrei: 31. August

Summersemester:

Zulassungsbeschränkt: 15. Januar

Zulassungsfrei: 28. Februar

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Hautzedaags, am modernen Zäitalter, kennen Demanden natierlech och digital vun Doheem aus iwwert déi folgend Links gemaach ginn.

Uni:

https://www.uni-kl.de/international/bachelor/bewerber/bewerbung-einschreibung/

Héichschoul:

https://icms.hs-kl.de/qisserver/pages/cs/sys/portal/hisinoneStartPage.faces?chco=y

Wann een d’Bestätegung vun der jeeweileger Bildungsinsitutioun krut, soll een sech perséinlech bei déi deementspriechend Verwaltung umelle goen.

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Fir déi meescht Studiegäng brauch ee keen Numerus Clausus. Normalerweis kritt ee relativ schnell an direkt no der Demande eng Äntwert vun der Uni/Héichschoul, sou dass een sech schnell op d’Sich no enger Wunneng maache kann. Zu Kaiserslautern ass dat bekanntlech net  alt ze schwéier.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

De Wee op Kaiserslautern hunn ech scho virum Studium fonnt, wéi den FCK nach éischtklasseg war. Do schonns huet mer d’Stad am Pfälzer Wald, wéinst hirer grénger Oder an hirer éierlecher Aart a Weis gefall. Ausserdeem huet d’Universitéit souwéi och d’Héichschoul am technesche Beräich Däitschland wäit ee gudde Ruff. De Campus ass liicht ze iwwerkucken an et kennt een all Jänni a Männi. Dobäi kënnt nach, dass ee schnell Weekends rëm an der Heemecht ass.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Déi klassesch technesch Studiegäng wéi Maschinnebau, Informatik a Bauwiese si weiderhi ganz beléift a vun de Lëtzebuerger Student am beschte besicht. An de leschte Joer fannen awer och ëmmer méi Lëtzebuerger dee Wee op Kaiserslautern fir Chimie, Bio oder Raum- an Umweltplanung ze studéieren.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

An éischter Linn probéiert den LSK den “Erstis” en agreabele Start an d’Unisliewen ze schafen an dofir organiséiere mer Eventer wéi “d’Kneipentour” oder de “Rallye duerch K’lautern”. Soss hunn mer wärend dem Semester bal all Woch kulturell, gastronomesch oder sportlech Manifestatiounen, wéi eisen alljärlechen Intercercle wou mer Mëttes géint déi aner Cercle Beachvolleyball spillen an den Owend beim Grill ausklénge loossen.

 

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/LSK/ oder https://www.lsk.lu/kontakt/