MÜNCHEN: Jo Pletsch – Luft- und Raumfahrttechnik op der Hochschule München
UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI:
D’Umeldungskäschten op der Technischen Universität München, op der Ludwig-Maximilians-Universität München an op der Hochschule für angewandte Wissenschaften München leie bei 129,40€ pro Semester.
WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?
Fir d’Wantersemester kann een sech op der Technischen Universität München, op der Ludwig-Maximilians-Universität München an op der Hochschule für angewandte Wissenschaften München viraussiichtlech bis de 15. Juli 2020 umellen.
WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?
Ënnert folgende Links fannt dir all d’Informatioune wéi dir iech op deenen dräi verschiddenen Universitéite kennt umellen:
Technische Universität München: https://www.tum.de/studium/bewerbung/bewerbung-international/
Ludwig-Maximilians-Universität München : https://www.uni-muenchen.de/studium/studium_int/studium_lmu/bewerbung/index.html
Hochschule für angewandte Wissenschaften München: https://www.hm.edu/studieninteressiert/studienberatung_1/foreing/foreign.de.html
OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?
Op folgend Saache muss dir bei ärer Umeldung op deene verschidden Unien oppassen:
- Equivalenz iwwer Uniassist fir op der Technischen Universität München oder Hochschule für angewandte Wissenschaften München ze studéieren.
- Weider Informatioune fir d’Equivalenz op der Ludwig-Maximilians-Universität München fannt dir hei: https://www.uni-muenchen.de/studium/studium_int/studium_lmu/bewerbung/wo-bewerben/index.html
- Fir Medezin: Däitschland wäit Umeldung op hochschulstart.de
Numerus Clausus an Zougangsbeschränkungen: Aktuell Infoen op de Site vun den Unien.
FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?
Zu München huet een de perfekten Ausgläich: Et ass eng grouss Stad an awer roueg. D’Stad ass sécher a propper. D’Unien si mat déi bescht an Däitschland. Och wat d’Aktivitéiten niewent der Uni uginn, kann ee ganz vill maachen: Vun Oktoberfest bis Wanderen, vu chillen un der Isar bis Skifueren an de Bierger. Hei gëtt et engem ni langweileg.
WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?
- Ingenieur (Maschinnebau, Bauingenieur, etc.);
- Medezin;
- Naturwëssenschaften (Bio, Physik, etc.);
- Sozialwëssenschaften (BWL, VWL, etc.).
WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?
Mir bréngen d’Studenten op eisem Welcome-Day an op eisem Stammdësch zesummen. Mir fueren awer och all Joers mateneen an d’Vakanz.
Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/LSM/ oder http://www.lsm.lu/kontakt/.