Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Nanzeg

By April 7, 2020No Comments

NANZEG: Camille Glesener – Droit

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI:

Ee Semester kascht 170€ (Frais d’inscription vun der Uni selwer) + 91€ (Contribution de Vie Étudiante et de Campus déi säit 2018 fir all Student obligatoresch ass) op der Université de Lorraine.

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI UMELLEN?

Am Dezember geet de Site Parcoursup op an et kann een seng Wonsch Unien uginn. Den 2. Abrëll geet déi Phase d’inscription dann ob en Enn an et kritt een da matgedeelt fir wéi ee Studiegank een ugeholl gouf. Dann muss en säi Choix treffen.

Dësen Artikel erkläert ganz gutt wei d’Inscriptioun ofleeft:  https://www.lemonde.fr/campus/article/2019/11/13/parcoursup-2020-le-calendrier-et-les-dates-cles_6018981_4401467.html

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Iwwert de Site Parcoursup.fr. Fir iech d’Inscriptioun sou einfach wie méiglech ze maache, kenn dir ënnert folgendem Link gesi wéi d’Aschreiwung Schrëtt fir Schrëtt muss gemaach ginn: https://www.univ-lorraine.fr/node/2644

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI?

/

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

D’Stad läit net ze wäit fort vu Lëtzebuerg, an awer ass ee wäit genuch fort fir en eegent Liewen do ze hunn an sech wärend senger Studienzäit och een Appartement ze huelen. Am Noutfall ass een innerhalb vu kuerzer Zäit nees doheem.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Déi meescht Lëtzebuerger Studente studéieren Droit an Ekonomie zu Nanzeg.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Mir als Cercle ELAN (Étudiants Luxembourgeois À Nancy) hunn ufanks des Joers eis Soirée de Bienvenue wou mer den „Opruff“ maachen, dass all d’Lëtzebuerger Studente laanscht kommen an e Patt mat eis drénke fir eis all e bësse kennen ze leieren. Am laf vum Joer hunn mer dann och Soiréeë wei Quizowender oder e Bowlingowend, déi gutt besicht sinn. Mir hunn natierlech och ob Messenger eise Grupp an ob Facebook eis ELAN Säit wou mer eis austauschen, wei z.B. och iwwer Matfuergeleeënheeten.

 

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/ELAN/ oder http://elan.lu/contact/.