Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Tréier

By April 8, 2020No Comments

TRÉIER: Sabrina Dos Santos – Erziehungswissenschaft: Sozial- und Organisationspädagogik (am 6ten Semester).

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI:

Summersemester 2020 op der Universität Trier: 268,30 €

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI UMELLEN? 

Wintersemester: 15. Juni bis 15. September

Sommersemester: 15. Januar bis 15. März

https://www.uni-trier.de/index.php?id=742

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Offiziell Erklärung, wéi een sech bei der Universitéit Tréier umelle kann:

Ënnert dësem Link fannt dir eng Lëscht mat all de Studiegäng, déi op der Universitéit Tréier ze fanne sinn: https://www.uni-trier.de/studium/bewerbung/

Dann fannt dir nach Zugangsviraussetzunge fir sech iwwerhaapt kennen un der Universitéit Tréier ze bewerben.

Dorënner fannt dir och de Link fir d’Bewerbungsportal: Porta.

Op Porta kann een sech umellen, soubal d’Registierungsperiod vum Semester ufänkt.

https://porta-system.uni-trier.de/qisserver/pages/zul/applicant.faces

An ënnert dem leschte Punkt sinn d’rechtlech Grondlagen zu de Punkte „Bewerbung – Zulassung – Einschreibung“ opgelëscht.

OP WAT MUSS EE BESONNECH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI? 

Op der Universitéit Tréier muss een éischtens mol oppassen dat dee Studiegang ugebuede gëtt, un dem een interesséiert ass.

Dofir hei de Link mat all de Studiegäng:

https://www.uni-trier.de/index.php?id=58799

Wann een sech fir ee Studium entscheed huet, muss ee kucken op de Studiegang zulassungsfrei (keen Numerus Clausus) oder zulassungbeschränkt (mat Numerus Clausus) ass.

-> Dat heescht wann dir, ee vun dëse Fächer studéiere wëllt déi zulassungsbeschränkt sinn, gëtt är Notefinal vum Premièresexame gekuckt an déi decidéiert dann, ob dir ugeholl gitt oder net. Wichteg heibäi ass, op den Numerus Clausus vum Semester virdrun ze kucke fir eng ongeféier Richtlinnen ze kréie wei är Nott muss sinn, well den Numerus Clausus ännert sech all Semester. (Et kennt dorops un, wei vill Leit sech dat Semester fir d’Universitéit Tréier bewerben a wéi gutt hier Notte sinn.)

Ënnert dësem Link fannt dir zulassungsbeschränkt Studiegäng an hiren dozougehéierenden Numerus Clausus: https://www.uni-trier.de/index.php?id=727

 FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Ech studéieren zu Tréier, well ech d’Stad scho vu kleng un kannt hunn a gär hat. Mir war et wichteg bei der Wiel vun der Universitéit eng Platz/ Stad erauszesichen, déi net ze wéit ewech war, sou dass ech flexibel sinn an nach Weekends heemfuere kann, wann ech well. Ech hunn mir Tréier ausgewielt, well et nëmmen eng Stonn vu Lëtzebuerg ewech ass a firwat ech lo Tréier gewielt hunn a keng aner Stad déi genau sou no ass, ass ganz einfach. Tréier ass déi eelste Stad an Däitschland an deen Titel krit eng Stad net einfach esou. Tréier ass eng wonnerschéin al Stad, wou een sech direkt wéi doheem fillt. Niewent de bekannte Shoppingstroossen, déi bal jidderee kennt, huet Tréier och uewen um Petrisberg wonnerschéi gréng Flecken a schéi Platzen, déi ronderëm eis Universitéit léinen. Zousätzlech dozou, sinn ech frou net esou weit ewech vu Lëtzebuerg ze studéieren, well ech a menge Veräiner nach aktiv matwierke kann, d.h. wann ech an der Woch Training hunn kann ech ouni Problem zeréck fueren an deemno wéi meng Kuere sinn, kann ech fir ee verlängerte Weekend zeréck fueren a Freides och a mengem Theaterveräin aktiv mat prouwen. Genau sou wei Club des jeunes, Sportveräiner, an aner Hobby brauch een sou net komplett falen ze loossen a kann sou nach aktiv a reegelméisseg dobäi sinn.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Ganz kloer de Studiegang: Erziehungswissenschaft: Sozial- und Organisationspädagogik mat dem een dann Educateur gradué ka ginn, wann ee bis säi Bachelor gepackt huet. Et fänke vill Studente mat ganz vill verschiddene Studiegäng un wei BWL, VWL, Sozialwëssenschaften, Psychologie, etc. Mat der Zäit decidéieren sech awer vill Studenten op Erzéiungswëssenschaft ze wiesselen.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Niewent dem Stammdësch de mir all Woch organiséiere, sinn déi wichtegst Aktivitéiten déi de LST fir nei Studenten organiséiert d’Ersti-Versammlung plus deen dozou gehéierende Fräibéier zum Schluss vun der Versammlung. D’Erstis kréien och vun eis ee Wëllkommensbréif kuerz nodeems d’Universitéit offiziell fir se ugefaangen huet.

Kuerz no dem Event organiséiert de LST och eng Kneipentour, wou jiddereen sech besser kenne léiere kann. An de LST organiséiert am Laf vum Semester och ganz verschidde Sportschallengë wei z.B. ee Beerpong Turnéier.

 

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/LST/ oder https://lst.lu/contact/.