Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Zürech

By April 8, 2020No Comments

ZÜRECH: Patrick Colgon – Maschinnebau Bachelor

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN: 

  • Eidgenössische Technische Hochschule Zürich (ETH Zürich):
    • Umeldungskäschten: 150 CHF
    • Einschreibgebühren: 1458 CHF pro Joer
  • Universität Zürich: 2548 CHF pro Joer

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI / OP DEN UNI’EN UMELLEN? 

  • ETH: just fir d’Hierschtsemester -> bis den 30. Abrëll
  • Uni Zürech: Hierschtsemester -> bis den 30. Abrëll | Fréijoersemester -> bis den 30. November

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Ënnert folgende Links kritt dir méi Informatiounen zur Umeldung:

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNI’EN?

  • ETH: Ouni Opnahmeprüfung gi just d’Leit vun enger B Sektioun oder enger C Sektioun zougelooss
    • Dofir muss een eng Moyenne an der Mathé, an enger Wëssenschaft an an enger Sproch vu mindestens 40/60 hunn.
    • Natierlech gëllt fir d’Sektioun B keng Bio a fir d’Sektioun C brauch ee keng Moyenne an der Mathé ze rechnen.
    • Déi aner Sektiounen oder déi Leit déi d’Moyenne net hunn, mussen e reduzéierten Opnamexame schreiwen. D’Sektioun A gëtt an der Schwäiz net unerkannt.
  • Uni Zürech: Grondsätzlech gëtt jiddereen zougelooss ausser déi vun der Sektioun A.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Den Haaptpunkt firwat ech op Zürech gaange si, war wéinst der Uni selwer, mee natierlech huet d’Staat och eng extrem gutt Liewensqualitéit wat op der anerer Säit leider och säi Präis huet an et ass eng zimmlech international Stad mat immens villen a groussen Entreprisen an der Géigend. Vum Schouleschen ofgesinn ass et och extrem flott a sou engem aktive Club Member kennen ze sinn.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT / AM BELÉIFSTEN? 

Maschinnebau a Physik si bei de Lëtzebuerger am beléiftsten.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Mir hunn e relativ gutt gefëllte Kalenner iwwert d’Joer wéi zB. eise Skiweekend, eis Clubrees oder eisen Zürcher Bal wou mir d’Chance hunn all Joer iwwer 3000 Studente kennen zesummen ze bréngen.

Falls dir nach weider Froe sollt hunn, kennt dir gären eng E-Mail un email hidden; JavaScript is required">email hidden; JavaScript is required oder email hidden; JavaScript is required schreiwen, mir géingen iech dann och eng méi ausféierlech Broschür iwwert d’Studium an eise Cercle per Pdf zouschécken an wann dir iech scho relativ sécher sidd mat ärem Choix, kennt dir eiser FB-Grupp (https://www.facebook.com/groups/2488835271222865) bäitrieden. An dësem Sënn bonne Chance fir är Premiere a stay safe and healthy!

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/LSZ/ oder https://lsz.lu/contact/.