Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Heidelberg

By April 9, 2020No Comments

HEIDELBERG: Charel Karier – Medizin

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN: 

Ruprecht-Karls Universität Heidelberg (Uni Heidelberg): 171,75 Euro/Semester
Pädagogische Hochschule Heidelberg (PH Heidelberg): 171,75 Euro/Semester
SRH Hochschule Heidelberg: 2500-5000 Euro/Semester
Hochschule Fresenius Heidelberg: 4000-4200 Euro/Semester

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI / OP DEN UNIEN UMELLEN?
Uni Heidelberg: Wintersemester: bis zum 15. Juli | Sommersemester: bis zum 15. Januar
PH Heidelberg: Wintersemester: bis zum 15. Juli | Sommersemester: bis zum 15. Januar
SRH Hochschule: keng Bewerbungsfrist
Frisenius Hochschule: keng Bewerbungsfrist

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Uni Heidelberg: www.uni-heidelberg.de/studium/interesse/int_bewerbung/index.html
PH Heidelberg: https://www.ph-heidelberg.de/studium/interesse-am-studium/auslaendische-studienbewerber.html
SRH Hochschule: https://www.hochschule-heidelberg.de/de/studium/beratung-und-bewerbung/bewerbung-und-zulassung/
Frisenius Hochschule: www.hs-fresenius.de/standort/heidelberg

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN? 

D’Umeldung zu Heidelberg ass relativ einfach. Bei verschiddene Studiegäng brauch een zwar ee bestëmmten Numerus Clausus, do sinn an der Reegel awer keng Problemer mam homologéiere vun de lëtzebuergeschen Diplomer.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?
Als Medezinsstudent ass d’Bewerbungsphase e bëssen aneschter. Hei mellt een sech an Däitschland fir 6 verschidden Unien un an et gëtt een da vun hinne platzéiert. Fir Heidelberg hunn ech mech wéinst dem Niveau vun der Uni, der relativ klenger Gréisst vun der Stad an der idealer Distanz zu Lëtzebuerg (2-3 Stonnen, net ze wäit an awer net zu doheem) decidéiert. Ech sinn definitiv och immens zefridden hei zu Heidelberg a genéissen déi einfach Mobilitéit mam Vëlo an dat gutt Wieder am Summer.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT / AM BELÉIFSTEN? 

Geschicht a Germanistik sinn déi beléiftste Studiegäng zu Heidelberg.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN? 

Déi lescht Semesteren ass de LSH ëmmer méi grouss ginn. Mat méi wei 50 Memberen organiséiere mir iwwert d’Semester eng 10 Aktivitéiten déi souwuel wärend der Woch wei och heiansdo um Weekend stattfannen. Ugefaange gëtt d’Semester all Kéiers mat der Bienvenue, wou dir och bei eis da kennt är Memberskaart kafen. Weider geet et mat aneren Ausflich zu Heidelberg (awer och an der Emgeigend), Indoor Aktivitéiten am Wanter (Futsal, Bowling, Lasergame) an am Summer probéiere mir meeschtens vum gudde Wieder zu Heidelberg ze profitéieren (Kiermes, Neckarwiese, Grillen,…)
Ausserdeem organiséiere mir endlech nees een Intercercle am Summer bei eis a ginn natierlech och reegelméisseg bei eis Frënn aus den aneren Unisstied.

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/LSH/ . oder zeckt net de Cercle op Facebook, Instagram oder per Email (email hidden; JavaScript is required) unzeschreiwen.