Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Karlsruhe

By April 9, 2020No Comments

KARLSRUHE: Carole David – Architektur

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI: 

D’Umeldungskäschte leie bei 153,69€ pro Semester fir d’Karlsruher Institut für Technologie (KIT).

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

Ofhängeg vun der Uni, hei sinn déi dräi gréisst :

Karlsruher Institut für Technologie (KIT):
Bis den 15. Juli (Numerus Clausus)
Bis den 15. September (Ouni Numerus Clausus)

Hochschoule Karlsruhe – Technik und Wirtschaft (HsKA):
Bis den 15. Juli

Pädagogische Hochschule Karlsruhe (PH):
Bis den 15. Juli

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Ënnert folgende Links fannt dir Informatiounen iwwert d’Umeldungen op den verschiddenen Uni’en:

KIT: https://www.sle.kit.edu/vorstudium/bewerbung.php

HsKA: www.hs-karlsruhe.de/bewerbung

PH:     https://www.ph-karlsruhe.de/studieren/bewerbung-und-immatrikulation/bewerben

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

  • Ausgedruckter Bewerbungsantrag;
  • Beglaubigte Kopie eines anerkannten Sekundarschulabschlusses bzw. einer Hochschulzugangsberechtigung;
  • Allgemeine Bescheinigung des Orientierungstests.

Krankenversicherungsbescheinigung bzw. Nachweis über die Befreiung von der Krankenversicherungspflicht der zuständigen gesetzlichen Krankenkasse (AOK Karlsruhe).

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Ech studéieren zu Karlsruhe, well et a mengen Aen eng attraktiv kleng Stad ass. Mam Vëlo ass ee flexibel a schnell iwwerall.

Karlsruhe huet natierlech geografesch eng no Lag zum Schwarzwald, wou ee verschidde sportlech Aktivitéite kann ënnerhuelen a fir Weekends mol spontan Heem ze fueren, ass och kee Problem ouni gréisseren Zäitopwand. Et ass eng Stad, wou vill Studente liewen, an deementspriechend och an der Woch mol eppes lass ass.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Vill Lëtzebuerger studéieren  zu Karlsruhe Bauingenieur. Et sinn awer och nach aner technesch Studiegäng wei Informatik an Architektur besat a beléift.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

D’AELK organiséiert reegelméisseg Aktivitéite fir seng Memberen. All Woch suerge mer fir ee flotte gemeinsamen Owend.

Am Wantersemester hunn mer eise klasseschen a beléifte Wäin a Kéis Owend, wou mer zesumme Kéisfondue a Wäi genéissen.
D’Summersemester gëtt mam Béierpong eröffnet, wou Spaass an Teamgeescht am Virdergrond stinn. An natierlech organiséiere mer am Wanter eng sportlech Skivakanz an am Summer geet et an eng Stad wou mer puer flott a kulturell Deeg verbréngen.

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/AELK/ oder https://aelk.lu/kontakt.