Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Bréissel

By April 11, 2020No Comments

BRÉSSEL: Florentin Mayon – Geschicht-Student am Master 2; Julie Bertemes – ICHEC-Studentin am Bachelor 1; beäntwert mat der Hellëf vum CELB-Comité.

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

D’Unemellungskästen op der Université Libre de Bruxelles (ULB) sënn 835€ fir ee ganzt Joer. Op der ICHEC 836€. Op der Haut École Galilée, wou och vill Lëtzebuerger studéieren (fir Schoulmeeschter oder Joffer) kascht et ëm déi 670€ pro Joer. Dës 3 Uni/Héisch-Schoule sënn déi wou déi meescht Lëtzebuerger studéieren, mee et ginn awer nach eng Rëtsch aner Schoulen ze Bréissel.

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

Wat d’ULB an d’ICHEC ugeet, kann een sech bis Oktober umellen. Am grousse Ganzen ass et sou, dass een sech an der Belsch méi laang kann umelle wéi, z.B. a Frankräich oder Däitschland. Wanns s du also nik onbedéngt do studéiere kanns goe wou s du am Ufank wollts, sief dir bewosst dass d’Belscht ëmmer nach eng Méiglechkeet ubidden.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Hautzedaags muss een nik méi bis op Bréissel komme fir sech unzemellen. Mëttlerweil kann een dat iwwert Internet maachen, op de jeeweilege Sitë vun de verschidden Héichschoulen an Unien.

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Et ass wichteg ze wëssen dass een awer d’Equivalenz vu sengem Diplome brauch fir an der Belscht studéieren ze kennen (ausser du hues ee Bac International). Fir d’Equivalenz ze kréie, muss du just een Dag an der Grousser Vakanz béi de CEDIES goen, mee dat gitt dir alles nach gewuer.

Opnamexame ginn et fir verschidde Studiegäng, mee anere lousen einfach nëmme wien ugeholl gëtt a wien nik. Mee et ass awer sou, dass déi meescht Studiegäng awer oppe fir jidderee sënn.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Ech perséinlech studéieren ze Bréissel aus dem ganz einfachen Grond, dass ech fannen dass Bréissel een optimalen Kompromëss ass : et ass wäit genuch fort fir schonn een Dépaysement zu hunn (par Rapport zu Lëtzebuerg), well et haalt eng Groussstad ass, mat all deem wat dozou gehéiert. An Bréissel hutt een eng Réi europäesch Institutiounen, wat och immens interessant ass. Mee et ass awer och no genuch, dass een Heem kéint falls eppes wier.

Mee Bréissel ass awer och immens cool wann et ëm d’Nightlife geet.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Déi meescht Lëtzebuerger studéieren Droit, Psychologie an Eco (entweeder op der Solvay oder op der ICHEC), mee eng Rëtsch léieren awer och fir Joffer oder Schoulmeeschter. Prinzipiell ass et sou, dass een zimmlech an all Studiegang opmannst ee Lëtzebuerger hutt.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

De CELB probéiert alles ze maache fir dass d’Lëtzebuerger sech hei zu Bréissel wuel fillen. Dofir organiséiere mir all Woch verschidden Evenementer, déi heiansdo méi kulturell sënn (Visitte vum Parlament, z. B.), heiansdo méi feierlech (Fräibéier, Soirée Bières Spéciales, etc.).

Fir weider Froen, kënnt dir eis einfach iwwert Facebook schreiwen ! Mir maachen eis eng Freet draus iech zu äntweren.

 

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/celb/ oder https://www.facebook.com/HibouCELB