Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Bonn

By April 14, 2020No Comments

BONN: Christine Streitz – 2-Fach-Bachelor Germanistik a Konstgeschicht

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN: 

Rheinische-Friedrich-Wilhelms Universität: /

ALANUS: 250€

Bonn-Rhein-Sieg: /

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

  • Rheinische-Friedrich-Wilhelms Universität:

Bei Studiegäng mat engem Numerus-Clausus geet d’Online-Bewerbung vun Ufank Juni bis de 15. Juli.

Vor-Registrierung fir Studigäng ouni Numerus Clausus fänkt Ufank August un

  • ALANUS:

Wärend dem ganze Joer kann een sech bewerben, mee et ginn ëmmer verschidden Oplagen déi erfëllt musse ginn, des si fachspezifesch.

  • Bonn-Rhein-Sieg: Ass nach net raus

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Ënnert deene folgende Links fann dir méi Informatiounen zu den Umeldungen:

Rheinische -Friedrich-Wilhelms Universität:

https://www.uni-bonn.de/studium/im-studium/studienorganisation/termine-und-fristen#bewerbungsfristen

ALANUS: https://www.alanus.edu/de/studium/studiengaenge

Bonn-Rhein-Sieg: https://www.h-brs.de/de/bewerben

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Ëmmer kontrolléiere wat gebraucht gëtt; sief et en Numerus Clausus fir ee Fach oder een Dossier.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Ech hunn mech ob 2ieme wärend enger Klasserees a Bonn verléift; eng kleng, heemlech Stad déi alles bitt wat een als Student sicht a brauch. Dobäi kennt dat d’Uni mam Titel vun enger Exzellenz Universitéit belount gouf. De Ruff leeft Viraus.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

De Gros vun de Lëtzebuerger studéiere Geschicht oder och Agrarwëssenschaften.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Eis Alesontia Aktivitéiten: Pub-Quiz/Crawl, Summer-/Chrëschtiessen, Stammdësch.

Dir kennt iech och gären iwwert eis Facebooksäit kontaktéieren: https://www.facebook.com/alesontia/

 

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/ALESONTIA/ oder email hidden; JavaScript is required