Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Köln

By April 14, 2020No Comments

KÖLN : Caroline Adam – Sonderpädagogik op Lehramt (6. Semester)

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

Pro Semester kascht d’Aschreiwung op der Universität zu Köln (Uni) ongeféier 270€. Mat dësem „Semesterticket“ kanns du awer och all ëffentlech Verkéiersmëttel (Bus, U-Bahn, S- a Regionalbahn) a ganz Nordrhein-Westfalen gratis benotzen. D’Umeldungskäschten op der Deutschen Sporthochschule Köln (SpoHo) an op der Technischen Hochschule Köln (TH) sinn änlech wéi déi op der Uni. Op villen aneren Héichschoule sinn se méi héich, well dat privat Schoule sinn.

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

D’Deadlinë vun der Bewerbung fir d’Uni Köln, sou wéi fir d’Sporthéichschoul (SpoHo) an d’Technische Hochschule (TH) sinn de 15.07 (fir d’Wantersemester) an de 15.01 (fir d’Summersemester). Bedenk och dass ee fir d’Umeldung op der SpoHo de Sportstest am Viraus muss gepackt hunn. Fir d’Deadlinë vun all de weideren Héichschoule kanns du dech op de jeeweilegen Internetsiten informéieren.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Mir „Auslänner“ mussen eis Bewerbung un de „International Office“ schécken an eis och do aschreiwe goen. Eis Zensur ass op däitsch/franséisch/englesch, mir mussen se also net iwwersetze loossen. D’Bewerbung verleeft online iwwert d’Bewerbungsportal „KLIPS 2.0“. Weider Informatioune fannt dir ënnert:

https://verwaltung.uni-koeln.de/studsek/content/bewerbung/klips_20_online_bewerbung/index_ger.html.

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Fir vill Studiegäng op der Uni Köln gëtt et een Numerus Clausus (NC)! Loosst Iech dovunner awer net ofschrecken. Oft gëtt een am Nachrückverfahren trotzdeem zougelooss well nach vill Platze fräi waren, obwuel een am Ufank net déi erwaarte Moyenne hat. Fir Studiegäng wéi Medezin, Rechtswissenschaften oder Psychologie ass den NC bekanntlech bësse méi héich. Eng genau Zuel kënne mir Iech awer leider net soen, well déi all Semester ännert. Ënnert folgendem Link kënnt dir iech d’NC’en vun de leschte Semestere fir déi verschidde Studiegäng ukucken: https://verwaltung.uni-koeln.de/studsek/content/zulassung/zulassungsverfahren/index_ger.html.

Ausserdeem besteet d’Méiglechkeet, falls een net ugeholl gëtt, op eng Héichschoul ze goen. Oft gëtt et do keen NC, mee et muss een eben (deemno wat et fir eng Héichschoul ass) relativ vill bezuelen.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Ursprénglech hunn ech mech fir Köln decidéiert, well ech Sonderpädagogik studéiere wollt a vun der Cedies (a weidere spéideren Aarbechtsplazen) ee Studium op der Uni Köln recommandéiert krut. Ech si lo am 6. Semester, also säit 2 an engem hallwe Joer zu Köln, a bereie mäin Choix a kenger Hisiicht. Mäin Studium gefält mir gutt, ech hunn hei sou séier souvill nei Leit kennegeléiert (virun allem duerch de Lëtzebuerger Studentencercle, de LSC), déi lo ganz gutt Kolleege vu mir gi sinn. D’Stad bitt engem ausserdeem onzieleg Méiglechkeeten, vu Shopping a Sport bis hin zu Kultur an Natur. Fir jiddereen ass hei eppes dobäi! Virun allem d’Frënn vum Nuetsliewe kommen zu Köln ganz bestëmmt op hir Käschten!

D’Distanz zu Lëtzebuerg fannen ech och ideal, d’ass ee weit genuch ewech vun doheem a fir een den oft heemfuere well, ass d’Streck net ze laang an ouni gréisser Ëmstänn an engem Weekend méiglech.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Op der Uni Köln studéiere vill Lëtzebuerger BWL, Geo a Geschicht, Mathe oder Sonderpädagogik (Lehramt). Natierlech ass déi däitsch Sporthéichschoul (SpoHo) ënnert de Lëtzebuerger och immens beléift. Ausserdeem entscheeden sech der vill fir d’Studium „Physiotherapie“ (Kiné) op der Héichschoul Fresenius.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

An der éischter Woch vum Wantersemester, organiséiert den LSC ee „Welcome Owend“ fir d’Neuankömmlinge. Hei hunn eis Ersti’en d’Méiglechkeet de LSC an hir Membere kennen ze léieren. De LSC trefft sech normalerweis all Dënsden am Semester. Mir besichen da verschiddene Kneipen a Bars oder ënnerhuele verschidden Aktivitéiten zesummen, wei z.B. an d’Jump House goen, ee Beerpongtournoi, a villes méi! Am Summer treffe mer eis gären um „Aachener Weiher“, de bei de kölner Studenten allgemeng ganz beléift ass. Mir grillen dann do zesummen, spille Volleyball oder genéissen einfach dat gutt Wieder mat engem leckere Béierchen. Op eiser Websäit (www.lsc-koeln.com) fënns du méi zu eisen Events.

Kontakt: 

 

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/LSC/ oder lsc.comité@gmail.com .