Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Oochen

By April 15, 2020April 16th, 2020No Comments

OOCHEN: Andreia Alves – Bauingenieur

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN: 

Reihnisch-Westfälische Technische Hochschule Aachen (RWTH) : +- 300€ pro Semester
Fachhochschule Aachen (FH Aachen) : +- 300€ pro Semester

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

RWTH:

Wantersemester:
Vum 1. August bis den 31. Oktober.

Bis de 15. Juli fir Studiegäng wou een Numerus Clausus gefrot ass.

Summersemester:
Vum 1. Februar bis den 30.Abrell
Bis de 15. Januar fir Studiegäng wou een Numerus Clausus gefrot ass.

FH:

Wantersemester:        Bis den 15. Juli
Summersemester:      Bis den 15. Januar

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Méi Informatiounen iwwert d’Umeldung op de verschidden Uni’en fann dir ënnert folgende Links:

RWTH:

www.rwth-aachen.de/cms/root/Studium/Vor-dem-Studium/~egg/Bewerbung-um-einen-Studienplatz/

FH:
www.uni-assist.de

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

RWTH:

  • Bei der Aschreiwung ass zousätzlech eng Registréierung op RWTHonline noutwenneg;
  • Falls ee Vorpraktikum noutwenneg ass: Zertifikat vum Praktikum;
  • Falls ee SelfAssessment noutwenneg ass: SelfAssessment noweise kennen;
  • Numerus Clausus fir bestëmmte Studiegäng.

FH:

  • Bewerbung iwwert www.uni-assist.de
  • Falls ee Vorpraktikum noutwenneg ass: Zertifikat vum Praktikum

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Souwuel d’RWTH wéi och d’FH sinn zu Lëtzebuerg an am Ausland gutt ugesinn. Oochen ass eng relativ kleng Stad, wouduerch een sech séier mat der Stad verbonne fillt. Trotzdeem huet Ooche bëssi vun allem unzebidden. Doduerch dass Oochen zimmlech no un Lëtzebuerg läit, kann ee gemittlech all Weekend heem fueren.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Déi beléiftste Studiegäng si Bauingenieur a Maschinnebau.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

  • Ponttorfeier (Zesummentreffe vu Studente mat Lëtzebuerger Firmen);
  • Wöchentleche Sport (Volleyball, Fussball, Basket, Badminton, Beachvolleyball);
  • Caferalley.

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/AVL/ oder www.avl.lu/kontakt/.