Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Saarbrécken

By April 15, 2020No Comments

SAARBRÉCKEN: Paul Hoffmann – Cybersécherheet op der UdS

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

De Semesterbeitrag läit bei 279€ op der Universität des Saarlandes (UdS) an bei 267€ op der Hochschule für Technik und Wirtschaft (htwsaar).

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

  • UdS: Immatrikulatioun fir nei Studenten op der UdS am Wantersemester 2020/2021 ass vum 02.August bis den 30. September fir Studiegäng ouni festgeluechten Héchstzuelen.
  • Fir Studiegäng mat festgeluechten Héchstzuelen (Numerus Clausus) geet d’Umeldungsphase vun ufangs Juni bis de 15. Juli. Falls d’Bewerbung erfollegräich ass kann een sech dann och am August immatrikuléieren loossen.
  • Nei Studente vun der HTW mussen sech fir d’Wantersemester 2020/2021 bis den 15. Juli 2020 ugemellt hunn.
  • Fir op der Hochschule der Bildenden Künste Saar (HBK) ze studéieren muss een sech bis den 31. Mee ugemellt hunn.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Ob der HBK gëtt et verschidde Fächer fir déi een eng Eignungsprüfung muss absolvéieren. Detailer kenn der ob dem Site vun der Uni fannen. https://www.hbksaar.de/bewerbung-informationen#schulische-voraussetzungen

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Saarbrécken ass eng kleng Stad déi all d’Virdeeler duerch hier Gréisst mat sech bréngt. Ënnerhalb vu Saarbrécken selwer ass alles ënnerhalb vun enger kuerzer Zäit zu fouss ze erreechen. Eng ganz Rei vun Unien offréieren en grousse Choix un verschiddene Studiegäng. Besonnesch fir d’Informatiksstudiengäng kritt Saarbrécken internationale Respekt. Nieft der Saar fënnt een och gréng Flecken ob deenen am Summer gegrillt gëtt. Am Summer ginn eng Rei vun Eventer a Fester an der Stad mat Concerten, Iessbuden an allem wat dobäi gehéiert organiséiert.

Mee et ginn do nach zwou Saachen, déi Saarbrécken vun anere Stied ënnerscheed:

1. De Saarbrécken Express ass en Bus Service, vun Emile Weber an der CFL, den all dag 15 mol vun der Gare centrale zu Lëtzebuerg bis ob den Hauptbahnhof zu Saarbrécken fiert. Fir d’Lëtzebuerger Studenten, déi zu Saarbrécken studéieren, ass dësen Service gratis. https://www.emile-weber.lu/de/saarbrucken-express.html

2. Den LSS: Den LSS mécht Studéieren flott. Hei ginn Erënnerunge geschafft déi een en Liewe laang wäert an Erënnerung halen an ech si mer sécher, dass ech net fir mech eleng schwätzen, wann ech soen, dass Saarbrécken nëmmen hallef sou flott wier ouni den LSS.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Sport a BWL Studiegäng si bei eis besonnesch beléift.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

All Woch gëtt een Event vum LSS organiséiert. Ob Quizowend, Kneipentour oder d’Soirée de Bienvenue mat der et bei eis all Semester lass geet, gëtt et also och an enger klenger Stad wei Saarbrécken eppes fir jiddereen.

 

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/LSS/ ,  iwwer Facebook ënnert: https://www.facebook.com/Lss.Letzebuerger.Studenten.zu.Saarbrecken/ oder per Mail ënner: email hidden; JavaScript is required.