Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Frankfurt

By April 16, 2020No Comments

FRANKFURT: Anna Jacobs –  Medezin

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

Goethe Universität: 369,89€ / Semester

Frankfurt University of Applied Sciences: 363,30€ / Semester

Hochschule Fresenius: 500-700€ / Mount

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

Goethe Universität: Wantersemester bis den 15. Juli, Summersemester bis den 15. Januar.

Frankfurt University of Applied Sciences: Wantersemester bis den 15. Juli, Summersemester bis den 15. Januar.

Hochschule Fresenius: keng Bewerbungsfrist.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Informatiounen iwwert d’Umeldungsphase op deene verschiddenen Uni’en fannt dir ënnert folgende Links:

Goethe Universität: https://www.uni-frankfurt.de/39329549/Information
Frankfurt University of Applied Sciences: https://www.frankfurt-university.de/de/studium/bewerbung-und-einschreibung/
Hochschule Fresenius: https://www.hs-fresenius.de/bewerbung/

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

D’Bewerbung op den Unien zu Frankfurt leeft haaptsächlech iwwer „uni-assist.de“ a bei eenzele Studiegäng iwwer „hochschulstart.de“. Op béide Site ginn et genau Erklärungen, wéi d’Umeldung ofleeft. An Däitschland muss ee keng Equivalenzen ufroe fir de Premièresdiplom, allerdéngs gëtt et fir verschidde Studiegäng (z.B. Medezin) een Numerus Clausus. Fir dee gëtt et eng Emrechnungstabell, mat där déi lëtzebuergesch Noten an däitsch Noten ëmgerechent ginn.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

D’Finanzmetropol Frankfurt ass mat senger zentraler Lag an Däitschland eng immens attraktiv an ofwiesslungsräich Stad, déi vu Lëtzebuerg a knapp 3 Stonne gutt ze erreechen ass. Nieft enger beandrockender Skyline kann d’Stad och duerch schéi Géigenden um Main an eng sëllege Gréngflächen iwwerzeegen. Duerch déi vill verschidden Unien an Héichschoulen, bléift kee Studiewonsch onerfëllt. Och wat d’Sportswelt ugeet, ass Frankfurt villfälteg ënnerwee. Nieft héichklassegem Basket an Äishockey, si virun allem d’Fussballfans zu Frankfurt mat 4 Bundesliga-Veräiner am Ëmkrees vu 50km gutt bedéngt. Déi international Metropol huet also souwuel wat déi professionell Ausbildung ugeet, wéi och wat d’Fräizäitaktivitéiten ugeet fir jiddereen eppes ze bidden.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Folgend Studiegäng si bei de Lëtzebuerger am beléiftsten: Geschicht, Soziale Arbeit, Kiné.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Aussergewéinlech bei eisem Cerle  ass, dass mir net nëmmen d’Studente vu Frankfurt regroupéieren, mee dat ganzt Rhein-Main Gebitt, also  och beispillsweis Studente vu Mainz oder Darmstadt . Iwwert d’Semester organiséiere mir ënnerschiddlech Aktivitéiten an deene verschiddene Stied, wéi z.B. Lasertag oder Mini-Golf. Alternativ dozou gi mir och reegelméisseg einfach een zesummen drénken.

Bei weidere Froe kenn dir Iech gären ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/lsrm/ oder email hidden; JavaScript is required.

Alternativ dozou fannt dir eis och och Facebook oder op eiser Websäit www.lsrm.lu.