Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Berlin

By April 17, 2020No Comments

BERLIN: Sophie Schmitz – 1. Studium: Internationales Tourismus- und Eventmanagement, 2. Studium ab Oktober: Theater- und Veranstaltungstechnik und management.

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

D’Unmeldungskäschte leien op deene verschiddenen Unien tëschent 307€ an 316€. Dat ass op deenen ëffentlechen Unien sou, do ass de Semesterticket an d’Gebühre fir d’Studierendenwerk mat dran. D’Käschte kennen allerdéngs weit ausernee leie wann et em déi privat Héichschoule geet. Fir d’Umeldung iwwer uni-assist kommen nach Gebühren dobäi.

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

Wantersemester :  Vum 15. Januar bis den 15. Juli

Summersemester : Vum 1. Oktober bis den 15. Januar

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

D’Umeldunge ginn an der Reegel iwwer uni-assist, do kann een sech iwwer dëse Site https://www.uni-assist.de/informéieren.

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Wat besonnesch ze beuechten ass, sinn natierlech déi verschidde Fristen op deenen ënnerschiddlechen Unien an Héichschoulen, dobäi kennt et och dorop un dat deng Pobeiere vollstänneg musse sinn an dass de d’ uni-assist d’Gebühren bezuelt hues. Numerus Clausus fir verschidde Studiegäng oder Stage fir verschidde Studiegäng als Zougangsviraussetzung sinn natierlech och net ze vernoléissegen.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Ech hunn mech fir Berlin entscheet, well ech an eng grouss Stad wollt, déi och net onbedéngt ze no un Lëtzebuerg drun ass. Zudeem studéieren ech zu Berlin, well et eng riseg Stad ass mat onbegrenzte Méiglechkeeten. Ech kann do dat Liewen hunn, wei ech et well. Ech hunn et kee Moment bereit heihi komm ze sinn a fille mech méi wei doheem.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Do ass keng Tendenz ze erkennen, allerdéngs ass Psychologie ganz beléift, mee och Kommunikatioun oder Design.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

All 2. Dënschden hunn mir Stammdësch, sos maache mer ënner anerem 2 mol am Joer ee Beerpong Tournoi oder eis traditionell Kneipen/Spätitour. Mir si ganz beméit den Erstië mee och sos jidderengem en gudde Start ze erméiglechen a bei all méigleche Froen oder Problemer ze hëllefen. Mir zum Beispill huet et vill gehollef, hei unzekommen an en doheem ze fannen.

Bei weidere Froe kenn dir Iech gären ënnert folgendem Link beim Cercle mellen:http://acel.lu/cercles/vlib/