Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Léck

By April 18, 2020No Comments

LÉCK: Robert Maitry – Sciences économqiues (Master 1); Paul May – Sportwëssenschaften (Bachelor 3)

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

Op der Lécker Universitéit kascht ee Joer 835€ a fir d’Héichschoule leien d’Käschten tëschent 350€ a 650€.

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

Et ginn zwou Umeldungsperioden an zwar vu Mëtt Juni bis Mëtt Juli a vu Mëtt August bis Enn September.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Umelle kann een sech entweder online um Site vun der Université de Liège (https://www.uliege.be/, oder einfach direkt zu Léck selwer.

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Et brauch ee wéi iwwerall an der Belsch, d’Equivalenz vu sengem lëtzebuergeschen Diplom. Ufank Juli ginn dofir vum CEDIES zwee Deeg organiséiert wou een dës mat Rendez-vous siche goe kann. Mir si wéi ëmmer och do, fir Iech z’empfänken an all är Froen ze beäntwerten.

Fir folgend Studiegäng muss dir ee speziellen Exame maache fir den Zougang ze kréien: Ingénieur civil, Ingénieur civil architecte, Medezin. Ausserdeem ginn et a verschiddene Studiegäng eng limitéiert Unzuel un Plaze fir Auslänner, wéi zum Beispill Vétérinaire a Kinésithérapie. (Schreift eis roueg fir méi Infos.)

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Zwee heefeg Grënn sinn, dass een säi Franséisch fir spéider an der Beruffswelt en bësse verbessere kann an donieft op enger gutt unerkannter Uni ka studéieren. Fir een deen net zu Lëtzebuerg wëll studéieren, mee awer heiansdo schnell mam Auto oder Zuch rëm zréck fuere wëll, ass Léck eng optimal Stad. Et ass och eng typesch Studentestad, wou d’Leit een immens oppen a frëndlech ophuelen.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Well een zu Léck wierklech alles studéiere kann, hunn mir och deem entspriechend vill verschidde Studiegäng ënnert de Lëtzebuerger. Mir sinn zu vill aus den ekonomesch-, human- an naturwëssenschaftleche Beräicher. Pedagogesch Beruffer wéi Spill- a Primärschoulspersonal si bei eis awer och gutt vertrueden.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Mir hunn all Woch Stammdësch vun de Lëtzebuerger a maache reegelméisseg Sport a vill aner Aktivitéiten zu Léck a Lëtzebuerg zesummen.

 

Besicht eis op Facebook: https://www.facebook.com/LetzebuergerStudentenzuLeck/  an zéckt net eis do unzeschreiwe wann dir Froen hutt!:D

Grupp vun aktive Studenten zu Léck: „LESTLE“.

Bei weidere Froe kenn dir Iech gären ënnert folgendem Link beim Cercle mellen:http://acel.lu/cercles/lestle/ oder  email hidden; JavaScript is required