Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Maastricht

By April 18, 2020No Comments

MAASTRICHT: Catarina Da Silva –  European Law School; Catherine Theves – International Business

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

2.143 €

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

  • Vun elo bis den 1 August 2020 23h59.

Wann fir de Studiegang een Numerus Clausus gefrot ass, dann huet ee bis Mëtt Januar Zäit fir sech unzemellen.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Via Studielink: https://www.studielink.nl/

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

  • Wann fir de Studiegang een Numerus Clausus gefrot ass, da braucht dir eng Lettre de Motivation an aner speziell Dokumenter fir iech anzeschreiwen (déi fannt dir all um Site vun der Uni).
  • Ee Sproochentest (IELTS/ TOEFL) ass net verlaangt.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

  • Holland proposéiert vill Bacheloren/Masteren op Englesch.
  • Ech hunn mech spezifesch fir Maastricht entscheet, well ech Droit studéiere wollt an hire Bachelor am interessantste fonnt hunn.
  • Et ass eng kleng Stad mat vill internationale Studenten.
  • Maastricht ass net wäit fort vu Lëtzebuerg.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

  • Psychology
  • European Law School
  • International Business / Economics and Business Economics

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

  • Meet and Greet’s
  • Game Nights
  • Pub Crawl

Bei weidere Froe kenn dir Iech ënnert folgendem Link beim LSNL, respektiv der Maastricht Kommissioun vum LSNL, mellen: https://www.lsnl.info/kontakt.