Skip to main content
ArtikelenInforméierenRepresentéierenZesummebréngen

Opruff fir Studentenjobs vum Bildungsministère

By May 8, 2020No Comments

Du bass Student an op der sich no engem Studentenjob? Dann lies hei eran!

Den Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse sicht vill motivéierte Studenten déi Klassen am Fondamental betreie kennen an dat esou séier wéi méiglech. Duerch déi exzeptionell Moossnamen am Kader vun der COVID-19 Kris, gëtt elo akut no vill Personal gesicht, fir dass d’Kanner adequat mat den néidege Mesurë betreit kenne ginn.

Wann’s du also ob der Sich no engem Studentenjob bass, dann ass dat hei deng Méiglechkeet. Du kriss en CDD (contrat à durée déterminée) vum 25. Mee bis de 17 Juli 2020. Fir weider Detailer kanns du dir gären dëst Dokument duerch liesen oder direkt op dësem Link umellen.

Bei weidere Froe kanns du dech gäre bei der ACEL oder direkt beim Ministère mellen.

Mir géingen eis freeë wann dir dëse Message deele kéint fir och anere Studenten d’Méiglechkeet ze ginn dovun ze profitéieren!