Skip to main content
ArtikelenCOVID19InstagramRepresentéieren

Lëtzebuerg als Risikogebitt

By July 15, 2020April 13th, 2021No Comments

Däitschland

Gëschter gouf vum Robert Koch Institut zu Berlin verkënnegt dass Lëtzebuerg op der Lëscht vun den Corona Risikogebidder opgeholl gouf.

 

Quell: Robert Koch Institut

 

Dëst ass dorop zeréckzeféieren dass d’Unzuel un positiv geteste Persounen an de läsche 7 Deeg d’Unzuel vu 50 Persounen op 100.000 Residentë iwwerschratt huet. 

 

D’Critèren op déi dës Decisioun baséiere fannt dir ënner dësem Link

 

Duerch d’Klassifikatioun vum Grand-Duché als Risikogebitt ginn an de verschiddene Bundeslänner och Restriktioune geholl, wann een aus Lëtzebuerg areest. Esou muss een am Saarland beispillsweis 14 Deeg a Quarantän nodeems een aus dem Grand-Duché kënnt, dëst betrëfft awer weder Frontalieren nach Léit déi medezinesch Rendezvousen hunn oder an engem Gesondheetsberuff schaffen. 

 

Fir sech iwwer d’Restriktiounen an den anere Bundeslänner ze informéiere sollt een op der Internetsäit vum jeeweilege Bundesland nokucken. 

All Student sollt sech also am beschten iwwer d’Situatioun bei sech am Bundesland informéieren ier en sech op de Wee an seng Universitéitsstad mécht. Well all Bundesland seng eege Restriktioune kann ëmsetzen, sollt een sech op der Säit vum Bundesland wou ee studéiert informéieren.

 

Den Ausseministère réit also am Moment dozou all net noutwennegen Deplacement vum Grand-Duché an Däitschland ze vermeiden. 

Momentan ass awer vun däitscher Säit net virgesinn dass Grenzkontrollen oder Fermeturë vun der Grenz zu Däitschland solle stattfannen.

 

Nodeems mir enk mam Ausseministère a mam Héichschoulministère zesumme geschafft hunn, konnte mir zesummen eng Léisung fir d’Studenten ausschaffen. Dëst betrëfft virun allem déi Studenten déi wéinst Examen oder aner Präsensverflichtungen zréck an hier Studentestad oder op hier Universitéit mussen. Méi Infoe fënns du hei: COVID-19 Test fir Studenten


Schwäiz

Restriktioune vir Lëtzebuerger Studenten an der Schwäiz

 

Ab dem 22 Juli 2020 gëtt Lëtzebuerg och vun der Schwäiz als Risikogebitt agestuuft. 

Dëst bedeit dass all Arees an d’Schwäiz méi strikte Konditiounen ënnerleit. Dës Konditioune gëllen natierlech just vir Persounen déi ab dem 22 Juli areesen, jiddereen dee virun dësem Datum agereest ass, wäert net dovu betraff sinn. 

 

All Persoun déi also no dësem Datum an d’Schwäiz areest muss sech 10 Deeg a Quarantän beginn. Och en negative COVID-19 Test  verhënnert dës Quarantän net

 

Et gëtt duerfir gerode fir dës Frist vun 10 Deeg Quarantän mat anzeberechne wann een seng Exame wëll matschreiwen. Et gëtt och geroden sech virum 22 Juli op de Wee an d’Schwäiz ze beginn.