Skip to main content
ArtikelenCOVID19InstagramRepresentéieren

COVID-19 Test fir Studenten

By July 17, 2020April 13th, 2021No Comments

No der Astufunge vu Lëtzebuerg als Risikogebitt, vum däitsche Robert-Koch-Institut, hunn mir nees eng méi schwiereg Situatioun op de Grenzen.

Nodeems mir enk mam Ausseministère a mam Héichschoulministère zesumme geschafft hunn, konnte mir zesummen eng Léisung fir d’Studenten ausschaffen. Dëst betrëfft virun allem déi Studenten déi wéinst Examen oder aner Präsensverflichtungen zréck an hier Studentestad oder op hier Universitéit mussen. 

An Däitschland huet all Bundesland seng eege Corona-Reegelungen, dofir ass et am Moment net ëmmer kloer wéini een a Quarantän muss a wéini net. Zousätzlech hunn och verschidden Universitéiten méi streng oder aner Hausreegele wéi d’Gesetz et eigentlech virgesäit. Doduerch kennt et ëmmer erëm zu Mëssverständnesser a Komplikatiounen. Falls dir an esou engem Fall sidd oder matkritt, dass är Universitéit Studenten aus Lëtzebuerg benodeelegt, kennt dir ons dat gäre matdeelen a mir probéieren zesumme mam Ausseministère eng Léisung ze fannen. Wann dir betraff sidd, da schreift ons esou séier wei méiglech e Mail mat den Detailer op email hidden; JavaScript is required.

An der Reegel muss dir fir un Examen oder anere Präsensverflichtungen deel ze huelen aktuell entweder 2 Wochen an Däitschland a Quarantän oder en negativen Test (PCR-Test) virweisen (deen net méi al wei 48h ass). Vue dass awer vu Bundesland zu Bundesland Corona-Reegelunge staark variéiere kennen, rode mir iech virun ärer Rees an d’Ausland nach eng Kéier iwwert den aktuelle Stand ze informéieren. All déi wichteg Links an Informatioune fann dir hei: Lëtzebuerg als Risikogebitt

Fir lëtzebuerger Studente besteet ab elo d’Méiglechkeet eng Ufro ze stelle fir en PCR-Test maachen ze loossen. Des Ufro kann ee beim Gesondheetsministère stellen, fir e Voucher ausgestallt ze kréien. Mat dësem Voucher hutt dir dann d’Méiglechkeet e RDV auszemaache fir iech testen ze loossen. Dëst kennt dir iwwert folgende Link maachen:
https://coronavirus.gouvernement.lu/lb/support/depart-etranger.html

Opgepasst: Dëst ass nëmmen dofir geduecht, wann dir begrënne kennt, firwat dir en Test braucht. Dofir musst dir um Site en Dokument eroplueden dat beweist, dass dir iwwert Grenz musst, fir un Examen oder anere Präsensverflichtungen deel ze huelen. Dëst Dokument kann zum Beispill eng Bestätegung sinn, dass dir physesch un engem Examen deel huele musst.

Bei weider Froe mellt iech bei ons iwwer Facebook, Instagram oder via Mail op email hidden; JavaScript is required.

Bléift gesond a kommt gutt duerch är Examenszäit!

Den ACEL Comité