Skip to main content
ArtikelenInforméieren

Studéieren an der Schwäiz: Wat huet et mam Studienplatznachweis op sech?

By November 5, 2020December 12th, 2020No Comments

Du wëlls an d’Schwäiz studéiere goen? Da muss du op puer Saachen oppasse bei der Umeldung. Hei fënns du all d’Informatiounen dozou:

Am Allgemengen sinn d’Diplomer vun den Sektiounen B, C, D an G aus dem Secondaire an der Schwäiz unerkannt (ausser Ausnam). An verschidden Fäll ass een Opnamexamen noutwenneg, zum Beispill wann een en Fach op Première net hat, wat awer gefrot ass. Op verschidden Unien muss een och eng gewëssen Moyenne hunn (entweeder am Joer oder just an bestëmmten Fächer). Hei eng Iwwersiicht:

Internet Säiten vun den Unien/Héichschoulen: 

Studienplatznachweis: 

Vill Unien an Héichschoulen an der Schwäiz froen een Studienplatznachweis. Et ass eng Attestatioun vun der Uni an deem Land wou s du wunns (also Uni.lu), déi bestätegt dass du bei hinnen ageschriwwen bass. Du muss och fir dat Fach ageschriwwen sinn, fir dat s du dech an der Schwäiz mells. Du muss dech also als éischt op der Uni.lu aschreiwen an do ugeholl ginn fir dech kënnen an der Schwäiz unzemellen. Deng Aschreiwung op der Uni.lu muss du dann och dono annuléieren wann s du ugeholl goufs an der Schwäiz.

Falls den Studium, deens du an der Schwäiz wëlls maachen, op der Uni.lu net ugebueden gëtt, decidéiert d’Uni wat s du machen muss.

 

ECUS (Examen Complémentaire des Hautes Ecoles Suisses): 

Et kann och sinn dass d’Uni oder d’Héichschoul erwaart dass du dësen ECUS mëss. Meeschtens gëtt deen gefrot wann een keen Studienplatznachweis huet. Et ass een zousätzlechen Examen fir Bewerber déi een auslänneschen Ofschloss hunn. Et handelt sech em een schrëftlechen an een mëndlechen Examen. D’Uni mellt dech un fir dësen Examen, bei denger Umeldung op der Uni.

Dësen Examen kascht:

  • Fr 980.- fir déi däitschsproocheg Uni’en
  • Fr 870.- fir déi franséischsproocheg Uni’en

OPGEPASST: Den ECUS gëtt emol pro Joer organiséiert. Wann s du deen net packs, hues du nach emol d’Méiglechkeet den ECUS ze maachen. Du kanns en also am ganzen nëmmen 2 mol maachen.

Méi Infoen fënns de hei: http://www.ecus-edu.ch

 

Falls du Froen hues zum Studéieren an der Schwäiz, kann s du dech beim Cedies mellen: email hidden; JavaScript is required