Skip to main content
ArtikelenInforméierenInstagram

Formatioun: Diplom + Kompakt

By April 8, 2021April 14th, 2021No Comments

Update: Och déi Leit déi schon en Uni Diplom hunn kënnen sech umellen a bei der Formatioun matmaachen. Jiddereen deen also un dëser Formatioun well deelhuele kann sech ab elo umellen.  D’Formatioun ass also ab elo fir jiddereen deen de Lycée oofgeschloss huet zougänglech. 

Well dëst Joer en méi speziellt Joer war vir Léit déi ugefaangen hunn mat studéieren, a warscheinlech deen een oder aneren säi Studium opgehalen huet, hunn mir eis mat dem Educatiounsministère zesummegesat vir de Betraffenen eng Formatioun unzebidden.

Bei dësem Ugebuet geet et dorëms fir a kuerze Modulen virun allem Soft Skills an och wichteg tipps ze vermëttele vir duerno ouni Problem an d’Aarbechtsweltkennen eranzeklammen. Dat ganzt riicht sech un Studéirender, déi hiert Studium opgehalen hunn an déi esou d’Méiglechkeet kënne kréien sech op d’Zukunft virzebereeden.

De Programm soll de 19. Abrëll lassgoen a bis Mëtt Juli daueren, woubäi ee muss soen dass d’Participatioun un de verschiddene Modulen flexibel ass.   De genaue Programm fannt dir ënnert dem Text, mir géifen iech bieden dësen un är Membere weiderzeleeden, a falls dir Léit kennt déi hiert Studium opgehalen hunn, dëse Programm och hinnen zoukommen ze loossen.

Wei d’Aschreiwung ofleeft steet am Dokument dran, mir hoffen dass sech e puer Interesséierter fannen déi un dëser ofwiesslungsräicher Formatioun deelhuelen.

Méi Informatioune kriss du ënner email hidden; JavaScript is required an d’Aschreiwung ass weiderhi bis den 19ten Abrëll méiglech.

 

Méi Informatioune fënns du och hei:

Communication_Diplom+2 kompakt