Skip to main content
ArtikelenInforméieren

Beim Staat schaffen

By July 21, 2022August 10th, 2022No Comments
BEIM STAAT SCHAFFEN, WEI GESÄIT DAT AUS?

Mat 24 Ministèren a méi wéi 120 Verwaltunge begéint eis den ëffentlechen Déngscht mat iwwer 33.000 Agenten zu Lëtzebuerg (Zuelen am 1. Semester 2022) iwwerall am Alldag a suergt fir de grondleeënde Fonctionnement vun eiser Gesellschaft. Deementspriechend villfälteg sinn d’Gebidder, an deenen ee sech berufflech beim Staat abrénge kann, sief et als Fonctionnaire oder Employé.

Vun der Héichschoulbildung zur Fiskalitéit, vum Aménagement du Territoire zu der Gesondheet oder der Ëmwelt, et feelt sécher net u Méiglechkeete fir am generellen Intérêt ze schaffen. A sou verschidde wéi d’Aarbechtsberäicher, genee sou verschidde sinn och d’Carrièren an d’Missiounen am ëffentlechen Déngscht.

Eng Carrière beim Staat, dat heescht nieft der grousser Diversitéit u Beruffer och en immense Choix un adaptéierte Formatiounen, déi Iech eng permanent professionell Weiderbildung erlaben.

Dozou kommen och nach Opportunitéiten am Beräich vun der interner Mobilitéit, déi Iech et erméiglechen, Iech  weiderzeentwéckelen an nei Aspekter vum Déngscht um Bierger kennenzeléieren.

Flexibel an innovativ Aarbechtszäiten erlaben zudeem en Equiliber tëschent Beruff, Famill a Fräizäit.

OP DER SICH NO SPEZIALISÉIERTE PROFILLER

Fir kënnen all d’Missioune vum ëffentlechen Déngscht z’erfëllen, rekrutéiert de Staat spezialiséiert Profiller an alle Beräicher.

Egal a wat fir enger Carrière, mir siche Leit, déi héich motivéiert, integer a qualifizéiert sinn.

Egal a wéi engem Beräich Dir Är Ausbildung ofgeschloss hutt oder wäert ofschléissen, mir brauche Mataarbechter, déi sech abréngen an engagéieren!

Figure 1 – soziale Panoroma vun der  Fonction publique – 1. Semester 2022

INTERESSÉIERT UN ENGEM JOB BEI EIS? ENG ADRESSE: GOVJOBS.LU

Govjobs proposéiert Iech op ee Bléck all nëtzlech Informatiounen zu de Beruffer an dem Rekrutement beim Staat.

Um Site kënnt dir d’Job-Offere vun deene verschiddene Ministèren a Verwaltunge consultéieren. Dir kënnt Iech direkt op eng oppe Plaz mellen oder Iech per E-Mail informéiere loossen, wann nei Offeren an ärem Beräich publizéiert ginn.

A mat de GovJobs Videoe kritt dir en éischten Abléck an d‘Diversitéit souwuel vun de Beruffer wéi och vun de Profiller beim Staat!